EM-QualifikatiounEngland hat keng Problemer mam Kosovo

RTL Lëtzebuerg
Serbien spillt 2:2 géint d'Ukraine a ka sech domadder net fir d'EM 2020 qualifizéieren.
© AFP (Archiv)

Am Grupp B konnt sech Portugal duerch eng 2:0-Victoire géint eng staark Lëtzebuerger Ekipp d’Qualifikatioun fir d’EM 2020 sécheren. Am Parallelmatch hu sech Serbien an d’Ukraine mat 2:2 getrennt. Serbien konnt sech domadder net fir d’EM qualifizéieren wat opgrond vun der Victoire vu Portugal och souwisou net méi méiglech gewiescht wier.

Am Grupp A gewënnt England souverän mat 4:0 am Kosovo a Bulgarien klappt Tschechien mat 1:0. Béid Ekippen, England an Tschechien haten sech schonn fir d’EM qualifizéiert.

Grupp A

Bulgarien - Tschechien 1:0
1:0 Bozhikov (56.’)

Kosovo - England 0:4
0:1 Winks (32.’), 0:2 Kane (79.’), 0:3 Rashford (83.’), 0:4 Mount (90.+1.’)

Resuméen aus dem Grupp A
Bulgarien klappt Tschechien mat 1:0 an England wënnt mat 4:0 géint de Kosovo.

Grupp B

Lëtzebuerg - Portugal 0:2
0:1 Bruno Fernandes (39.’), 0:2 Cristiano Ronaldo (86.’)

LINK: 0:2-Néierlag vu Lëtzebuerg géint PortugalSerbien - Ukraine 2:2
1:0 Tadic (9.’), 1:1 Yaremchuk (32.’), 2:1 Mitrovic (56.’), 2:2 Besyedin (90.+3.’)

Serbien - Ukraine 2:2
Serbien spillt 2:2 géint d’Ukrain a ka sech domadder net fir d’EM qualifizéieren.
Déi bescht Momenter vun den anere Matcher
.

Back to Top
CIM LOGO