Futtball-Nations-LeagueEngland verléiert mat 0:2 géint d'Belsch, Dänemark wënnt spéit

RTL Lëtzebuerg
Duerch dës Defaite verpassen d'Three Lions d'Chance op d'Play-Offs, Dänemark bleift no enger 2:1-Victoire awer weiderhin no hannert der Belsch.

E Sonndeg war et an der Nations League d’Suite vum 5. Spilldag. Do konnt sech Holland mat enger verdéngter Victoire géint Bosnien Herzegowina behaapten an d’Tierkei krut sech an Iwwerzuel mat 3:2 géint Russland duerchgesat. Dës Weideren huet sech d’Belsch mat 2:0 géint England behaapt, duerch eng spéit Victoire vun Dänemark ass déi éischt Plaz awer nach net geséchert.

E Samschdeg den Owend hat scho Lëtzebuerg an der Nations League gespillt. Si waren op d’Zypern gefuerdert. Hei fannt Dir d’Resultat, de Resümmee vum Match an d’Reaktiounen.

Liga A

Grupp 1

Holland - Bosnien Herzegowina 3:1
1:0 Wijnaldum (6'), 2:0 Wijnaldum (13'), 3:0 Depay (55'), 3:1 Prevljak (63')

An der Johan Cruijff Arena zu Amsterdam hu béid Ekippen nom Ustouss net laang op sech waarde gelooss. No enger Chance vun der Lokalekipp hat am Géigenzuch och Bosnien Herzegowina direkt déi éischt gutt Chance. Kuerz drop ass Holland dann a Féierung gaangen. De Wijnaldum ass aus ronn 10 Meter ganz fräi zum Schoss komm an huet sou den 1:0 markéiert. Mol net 10 méi spéit war et dann nees de Wijnaldum, dee mat sengem zweete Gol op 2:0 erhéije konnt. Mat enger verdéngter Féierung fir Holland ass et no 45 Minutten an d’Paus gaangen.

Nom Säitewiessel huet sech déi bosnesch Ekipp da méi getraut, ass an der 55. Minutt awer eng weider kéier bestroft ginn. Den Depay stoung no engem Zouspill op der richteger Plaz a konnt sou op 3:0 stellen. D’Gäscht wollten et awer nach eng kéier spannend maachen, wéi dem agewiesselten nach den Uschlossgol zum 1:3 gelongen ass. Holland huet duerch de Géigegol awer net d’Kontroll verluer a konnt sou d’Féierung iwwert d’Zäit bréngen. Um Enn steet eng verdéngten 3:1-Victoire an dräi weider Punkten am Grupp 1.

Italien - Polen 2:0
1:0 Jorginho (27'), 2:0 Berardi (83')

Italien huet de Match vun Ufank un dominéiert sou dass Polen net zum Zuch komm ass. An der 26. Minutt war et de Krychowiak, deen de Bellotti am Strofraum kloer op de Buedem gezunn huet. Den Jorginho ass vum Punkt ugetrueden an huet d’Lokalekipp domat a Féierung bruecht. Mat engem verdéngten 1:0 ass et och an d’Paus gaangen, obwuel d’Féierung och gutt kéinte méi héich sinn.

Am zweeten Duerchgang huet Italien weiderhin alles richteg gemaach an de Match bestëmmt, ma dat eenzegt wat gefeelt huet war nach e weidere Gol fir d’Squadra Azzura. Deen ass dann zwar spéit gefall, ma domat war de Match awer an der 83. Minutt entscheet. De Berardi huet dem Szczesny am Gol keng Chance gelooss an op 2:0 erhéicht. Zum Schluss steet eng verdéngte Victoire fir Italien an domat dräi wichteg Punkten am Kampf ëm d’Tabellespëtzt.

Grupp 2

Belsch - England 2:0
1:0 Tielemans (10'), 2:0 Mertens (24')

No ronn 10 Minutten huet den Tielemans et aus ronn 20 Meter mat engem Schoss probéiert an ass dofir och belount ginn. Mat Hëllef vum Potto louch d’Belsch also fréi mat 1:0 a Féierung. England huet zimlech séier dorop wollten eng Äntwert weisen an ass duerch de Grealish an de Kane zwee Mol hannerteneen immens geféierlech virun de Gol komm. Den zweete Gol vum Match huet trotzdeem der Lokalekipp gehéiert. Dës kéier war et de Mertens dee mat engem direkte Fräistouss op 2:0 erhéije konnt. D’Three Lions haten zwar e Chanceplus, ma déi méi effektiv Ekipp aus der Belsch ass mat der Féierung an d’Paus gaangen.

An der zweeter Hallschent ass England da weider ugelaf an huet den Uschlossgol gesicht, ass awer net un der disziplinéierter Defense vum Géigner laanschtkomm. Um Enn huet sech um Spillstand näischt méi geännert an domat wënnt d’Belsch mat 2:0. Duerch des Defaite ass et fir d’Englänner elo net méi méiglech de Grupp als Leader ofzeschléissen.

Dänemark - Island 2:1
1:0 Eriksen (12'), 1:1 Kjartansson (85'), 2:1 Eriksen (90+2')

An engem éischten Duerchgang ouni all ze vill offensiven Aktiounen ass Dänemark duerch en Eelefmeter vum Eriksen fréi a Féierung gaangen. Island huet sech schwéier gedoen an Dänemark huet dat néidegst gemaach fir den 1:0 an d’Paus ze bréngen.

Nom Säitewiessel huet sech mat der Zäit Island an de Match gespillt an ass méi spéit an der Partie ëmmer méi geféierlech ginn. Kuerz viru Schluss ass et dann nach zum Ausgläich komm, wéi den agewiesselte Kjartansson fräi am Strofraum ofschléissen an domat op 1:1 stelle konnt. De Match war domat awer nach net fäerdeg. An der Nospillzäit ass et e weideren Eelefmeter fir d’Däne ginn an nees ass den Eriksen äiskal bliwwen. Um Enn steet also eng knapp Victoire fir d’Lokalekipp, déi duerch de spéide Gol weiderhin eng Chance op de Gruppegewënn huet.

Hei déi komplett Resultater vun der Nations League am Iwwerbléck

LINK: Klickt hei, fir op de kompletten Iwwerbléck vun der Nations League ze kommen

Back to Top
CIM LOGO