En Tournoi, bei deem 4 vun den 8 Spillerinnen eng Kéier an der Top 10 vun der Weltranglëscht stoungen. Wuel sinn et nach e puer Méint bis zum éischte Service, mä dësen Dënschdeg goufen déi éischt 3 Nimm public gemaach.
Gesicht gëtt d’Nofollgerin vum Anett Kontaveit, déi d’lescht Joer den Tournoi dominéiert huet. Bis elo ass si nach net ënnert deene Spillerinnen, déi an der éischter Pressekonferenz genannt goufen. Mee ënnert deenen 3 Spillerinnen, déi virgestallt goufen, si bekannte Gesiichter. D’Kirsten Flipkens aus der Belsch war 2013 d’Nummer 13 op der Welt. Déi Däitsch Andrea Petkovic war 2011 d’Nummer 9. A besonnesch stécht fir d’Directrice vum Tournoi d’Ana Ivanovic eraus.
Déi mëttlerweil 36 Joer al Serbin huet an hirer Karriär ee Grand Slam a 15 WTA-Tournoie gewonnen. D’Fra vum fréiere Futtballprofi Bastian Schweinsteiger war 2008 12 Woche laang un der Spëtz vun der Weltranglëscht. Eng fréier Weltklassespillerin, déi och haut nach vill vun der Press gefrot ass.
D’IWTP organiséiert zanter 1991 Dammentennistournoien am Grand-Duché an huet mat sengem rezentste Projet grousse Succès. Et ass nämlech deen eenzege Legenden-Tournoi bei den Dammen op der Welt. Och den drëtten Event vun dësem Format leeft ënnert dem Patronage vun der WTA. Mee net nëmmen. D’Daniela Hantuchova, déi déi lescht zwee Joer selwer gespillt huet, vertrëtt den Tennis Masters am Ausland.
Den Tournoi vun de Legende verdeelt zu Lëtzebuerg e Präisgeld vun 110.000 Euro. Och fir dës Editioun gëtt et e gutt gefëllte Kaderprogramm. Bis déi nächst Spillerin bekannt gëtt, kennt der Iech op www.luxembourg-ladies-tennis-masters.com um Lafenden halen.