
Et war déi drëtt Victoire hannerteneen.
Och Spuenien a China stinn an den Aachtelsfinallen. Tëscht béiden Equippen gouf et e Méindeg een 0-0 Remis.
D’Gaaschtland Frankräich setzt sech mat 1-0 géint Nigeria duerch an ass een Tour weider. An och Norwegen steet an der Aachtelsfinalle no enger 2-1 Victoire géint Südkorea.

En Dënschdeg den Owend vun 21 Auer u stinn sech Italien a Brasilien géintiwwer, souwéi Jamaika an Australien.