BGL LigueËnnert anerem de Match tëscht Péiteng a Nidderkuer gouf ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Op Grond vun de wanterleche Wiederkonditioune ginn d'Matcher tëscht Péiteng a Nidderkuer esou wéi Munneref géint d'Fola net ugepaff.
© Gilles Tricca

Ronn eng Stonn virum Start vun der Partie koum d’Informatioun, dass den Arbitter de Match net upäife géif. Ronn 5-8 Zentimeter Schnéi hunn et onméiglech gemaach, fir d’Linnen ze erkennen. Dozou koum d’Rutschgefor, déi duerch de Frascht eng ze grouss Gefor fir d’Spiller duergestallt hätt.

Déi selwecht Decisioun gouf och beim Match tëscht Munneref an der Fola getraff, wou de Schnéi et net méiglech gemaach huet, fir de Match ënnert reguläre Konditiounen unzepäifen. Hei war et eng Fro vum Marquage vum Terrain, deen duerch de Schnéi net méi ze erkenne war.

© Eugène Thommes

Wéini dës Matcher nogespillt ginn ass bis ewell nach net gewosst.

Back to Top
CIM LOGO