
An den Aachtelsfinalle vun der Coupe des Dames am Futtball gouf et e Mëttwoch den Owend eng Spëtzepartie an dat war de Match tëscht der Entente Wuermer/Mënsbech/CSG a Beetebuerg. Genee wéi de leschte Weekend am Championnat huet sech nees d’Entente Wuermer/Mënsbech/CSG duerchgesat. No engem 3:0 steet een an de Véierelsfinallen.
Donieft huet sech d’Fiels aus der 2. Divisioun mat 3:1 géint d’Entente Rouspert/USBC duerchgesat. Red Black huet mat 1:5 géint Mamer de Kierzere gezunn. Dikrech huet zu Biwer héich mat 10:0 gewonnen. Käerjeng huet sech iwwerdeems knapp mat 4:3 géint d’Entente Wëntger/Wolz behaapt. An d’Entente Itzeg/Cebra huet d’Union Mäertert/Waasserbëlleg mat 9:1 iwwerrannt.
De Racing a Jonglënster stinn no Forfait an der nächster Ronn, dat well d’Entente Uespelt/Réimech/Bus respektiv Hesper net ugetruede sinn.