Gérard Lopez"Enttäuscht, datt franséisch Liga esou gestoppt gëtt"

Franky Hippert
A Frankräich fäert net nëmme de President vu Lille, datt si déi eenzeg vun den Top 5 Ligae an Europa sinn, déi d'Saison net fäerdeg wäerte spillen.
© AFP (Archiv)

„Ech si frou, datt d‘Fola d‘nächst Saison als Tabellenéischten Champions League spillt, ech verstinn awer net, firwat d‘FLF eis de Championstitel net ginn huet“ seet den Éierepresident vun deene Rout-Wäisse Gérard Lopez. De Lëtzebuerger Geschäftsmann a President vum OSC Lille huet am RTL-Interview awer och iwwert den imminenten Depart vum Fola Trainer Jeff Strasser geschwat.

Gérard Lopes iwwer Strasser, Fola a Lille / Franky Hippert

De fréiere Profi vun ënnert anerem Metz, Kaiserslautern a Gladbach ass elo zanter ronn 10 Joer um Escher Gaalgebierg Trainer an stoung 3 Mol um Enn vun der Saison op der éischter Plaz vun der Tabell. Elo geet een an der Lëtzebuerger Futtballwelt dovun aus, datt de Jeff Strasser d‘nächst Saison beim neie Club vum Mäzen Flavio Becca um Hesper Holleschbierg un der Säitelinn wäert stoen, dozou de Gérard Lopez:

Et ass eng Lovestory tëscht dem Jeff an der Fola. En Trainer, deen op der Fola immens vill, och wou ech nach do war, bruecht a geschafft huet. D’Fola ass elo op engem anerer Projet mat jonke Spiller. Natierlech hätt ech de Jeff nach gär op der Fola gesinn. Mir wëssen, datt do Jalousie sinn zu Lëtzebuerg. Et ass kloer, datt de Jeff, deen e Professionellen ass, bei e Club geet, wou e méi kritt an dofir sinn ech och net iwwerrascht, wann e bei engem Club wäert optauchen, wou ech mer ka virstellen. Déi reciproque Amitiéit an de Respekt wäert ëmmer bleiwen. De Jeff ka goen wou e wëll, e bleift e Folamann.

An de leschte Wochen hat de Gérard Lopez als President vun Lille a Member vun engem Krisecabinet vun de professionelle franséische Futtballclibb vun Ligue 1 an Ligue 2 vill ze dinn. Den Éierepresident vun der Fola krut awer natierlech och d’Entwécklung vum nationale Futtball duerch de Coronavirus mat:

Ech si frou, datt se Champion sinn. Och wa se offiziell keen Titel kréien. Ech fannen, wann een A seet, muss een och B soen. Ech sinn och kritesch mat der Decisioun a Frankräich, d’Resultater déi lo bestëmmt sinn, stinn elo fest. Ech hunn awer dem PSG congratuléiert. Ech sinn awer frou, datt d’Fola éischt ass, a sech fir d’Champions League qualifizéiert huet.

Virun zwou Wochen hat de franséische Premier Edouard Philipp annoncéiert, datt d’Saison 2019-2020 am professionelle Sport am Hexagon net kéint fäerdeg gespillt ginn. Zwee Deeg drop huet dunn d’LFP, d’Ligue de Football Professionnel decidéiert, de Championnat an der Ligue 1 an an der Ligue 2 komplett ze stoppen. Mat der Aart a Weis vun der LFP deet sech de President vun Lille, de Gérard Lopez, schwéier:

Extrait Gérard Lopez

Als Losc si mer immens enttäuscht, datt d’Liga esou gestoppt gouf. Mir waren an enger super positiver Dynamik. Mir haten déi lescht 6 vun 7 Matcher gewonnen. Mir hu ganz kloer no Vir gekuckt, fir Rennes nach z’iwwerhuelen, déi nach ganz schwéier Matcher haten, déi mir scho gespillt hunn, an och Olympique Marseille. Bon gesondheetlech gesinn, steet et net zur Debat, mä sportlech gesinn ass et natierlech, fannen ech a mir, a mir sinn net déi eenzeg, datt e Championnat, wou nach 10 Deeg ze spillen bleiwen, e Championnat ass, deen nach net fäerdeg gespillt ass. An de Statistiken iwwer déi lescht 10 Joer hunn d’Ekippen iwwer 71 Prozent hir Plaze gewiesselt op de leschten 10 Deeg. Datt kee Futtball gespillt gëtt, wann et geféierlech ass, versti mer, datt de Championnat esou gekënnegt gouf, ass bei eis net gutt ukomm.

Gérard Lopez iwwer Ligue 1 / Reportage Franky Hippert

Lille steet an der Ofschlosstabell an der ieweschter Divisioun am franséischen Futtball op der 4. Plaz, ee Punkt hannert Rennes an 7 hannert dem zweete Marseille, déi d’nächst Saison Champions League kënne spillen. De Losc ass fir d’Europa League qualifizéiert. Am franséische Futtball fäerten awer och eng ganz Rei Leit, déi Responsabilitéit hunn, datt si herno deen eenzegen Championnat vun deene 5 groussen an Europa sinn, déi d’Saison net fäerdeg gespillt hunn. D’Bundesliga fänkt jo den nächste Weekend nees un, a Spuenien, England an Italien geet elo vum 12. Juni riets.

De Gérard Lopez gleeft net drun, datt et a Frankräich nach eng Kéier zu engem Relancement vun der Debatt kënnt:

Et sief elo et géif elo nach eng Iwwerraschung last minute, datt d’Liga awer nees ufänkt, ech denken awer net, da spillen mer eben Europa League a probéieren do gutt Resultater ze bréngen, an dann ass ganz kloer, datt mer nees op de Podium wëlle kommen, fir d’Champions League kënnen ze spillen. Ech soen et och ouni vill Gen, mir si méi staark wéi déi zwou Ekippe virun eis.

De Gérard Lopez war jo an engem Krisecabinet vun de Profiveräiner. Duerch d’Ewechfale vun den Tëleesgelder mussen d’Clibb elo Kreditter ufroen:

Lo ass et esou a Frankräich, datt d’PPI, datt eng Staatsbank eis hëlleft, natierlech hëlleft dat net fir de ganze Verloscht, et ass wéi wann all Betrib, mir versiche Solutiounen ze fannen. Mir hunn awer um LOSC eng ganz gutt Saison hannert eis. Mir hu Spiller, déi immens wäertvoll sinn, an déi och gefrot sinn. Eisen Objektiv ass, datt ech, datt mir, dem Futtball an eisem Club kënnen hëllefen.

Et gëtt awer och schonn Luucht um Enn vum Tunnel, esou de President vum Losc:

Et gesäit esou aus, wéi wa mer déi lescht 10 Deeg am August ouni Spectateuren ufänken an dann am September mat Spectateuren. Dat heescht, datt mer esou 6 bis 8 Woche virun der Saison mam Training ufänken, dat ass dat wat bis ewell feststeet.

[comments[

Back to Top
CIM LOGO