ING NuetsmarathonErich Francois stécht matten an den Preparatioune fir d'Editioun 2022

Lynn Kayser
Den 28. Mee sollen nees Dausende Leefer a Leeferinne beim ING Nuetsmarathon duerch d'Stad lafen.
ING Nuetsmarathon 2022
Den Organisateur Erich Fransous stécht matten an den Preparatioune fir déi nächst Editioun den 28. Mee.

Déi lescht zwou Editioune vum Nuetsmarathon an der Stad si wéinst der Corona-Pandemie an d’Waasser gefall. Den Organisateur Erich Francois ass optimistesch, datt den 28. Mee dëst Joer déi nächst Editioun kann organiséiert ginn. Hei wäert et awer eng Partie Ännerunge ginn.

ING Nuetsmarathon 2022 / Reportage Lynn Kayser

Fir den Erich Francois a seng Ekipp waren déi lescht Méint net einfach. Duer d’Annulatioun vun den zwou leschten Editioune vum ING Nuetsmarathon huet ee Startgelder missen zeréckbezuele respektiv de Leefer eng nei Startplaz missen ubidden, doduerch war d’Keess eidel. Den Organisateur ass frou, datt hie wärend där Zäit net eleng do stoung.

“Wir hatten das Glück, dass uns die Sponsoren geholfen haben, aber auch, und da geht es nicht nur um das Finanzielle, sondern dass Stellen, wie das Mittelstandsministerium, uns einfach zugehört haben, versucht Lösungen zu finden, mit uns zusammengearbeitet haben um Lösungen zu finden. Also eine Hilfestellung, die ich so nicht erwartet hatte.”

Den Erich Francois geet fest dovunner aus, datt dëst Joer den 28. Mee nees Dausende Leit duerch d’Stad wäerte lafen. Nach weess een net, wéi d’Situatioun deen Ament wäert sinn, dofir huet ee verschidde sanitär Konzepter ausgeschafft.

“Wir haben ein Konzept beim Ministerium eingereicht, wie wir uns das vorstellen und das geht von 2G+ bis es gibt keine Maßnamen mehr. Also wir haben alle Möglichkeiten, die es geben kann, in betracht gezogen, um das Event machen zu können.”

Den Tram huet fir weider Ännerunge bei der Organisatioun gesuergt. Dëse gëtt op der enger Säit fir den Transport vun de Sportler mat an d’Event agebonnen. Op der anerer Säit huet den Eric Francois de Circuit missen upassen, wat fir hien e positiven Effekt huet.

“Ja Trambedingt war es so, dass Teile dazukommen konnten, die ich schon immer dabei haben wollte. Beispielsweise Mudam, Dräi Eechelen, diese Ecke. Die ich immer für die Läufer dabei haben wollte, weil sie einfach spektakulär sind. Wir arbeiten mit Mudam, Philharmonie zusammen, um da ein Programm aufzustellen, um das Event noch mehr Event zu machen.”

Aktuell gesäit et dann och esou aus, wéi wann een dëst Joer keng afrikanesch Leefer wäert alueden...

”... weil wir nicht genau wissen, wie die Situation ist, was das Impfen und so weiter angeht. Das ist sehr schade, weil wir natürlich damit immer afrikanische Athleten unterstützen konnten. Auf der anderen Seite bieten wir damit europäischen Athleten, die nie eine Chance hatten auf dem Podium zu stehen, an, dass sie auf dem Podium stehen können, auch dass sie das Preisgeld, das genauso hoch bleibt, gewinnen können.”

D’Aschreiwunge sinn iwwerdeems zanter September op a lafen dem Erich Francois no gutt.

Back to Top
CIM LOGO