Éischt BundesligaErik ten Hag gëtt neien Trainer zu Leverkusen

RTL Lëtzebuerg
Den däitsche Vizechampion fënnt mam Hollänner de Successeur vum Xabi Alonso, deen neien Trainer vu Real Madrid gëtt.
© AFP

Den Erik ten Hag iwwerhëlt den Trainerposte bei Bayer 04 Leverkusen. Den Hollänner huet e Kontrakt bis 2027 ënnerschriwwen a gëtt domat Nofollger vum Xabi Alonso, deen déi Leverkusener a Richtung Real Madrid verlooss huet.

No Rinus Michels a Peter Bosz wäert de 55 Joer alen Ex-Coach vu Manchester United den drëtten hollänneschen Trainer vun der Werks-Elf ginn. Den Erik ten Hag wäert e Méindeg am Nomëtteg offiziell virgestallt ginn.

Back to Top
CIM LOGO