Dem Lëtzebuerger Nationalspiller Danel Sinani seng lénks Schlapp huet um Enn d’Partie entscheet. De Stiermer gouf iwwer déi lénks Säit lancéiert, ass an d’Mëtt gezunn, huet do seng Géigespiller stoe gelooss an äiskal op 4:3 fir d’Ekipp aus der Forge du Sud verwandelt.
Erlieft dës decisiv Zeen nach eng Kéier mat Livekommentar vum Jeff Kettenmeyer a Marc Oberweis.