Conference-League-QualifikatiounEscher Fola wënnt mat 2:1 den Allersmatch géint Linfield

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg den Owend war d'Escher Fola am Kader vun der Conference-League-Qualifikatioun op Besuch an Nordirland beim FC Linfield.

Den Allersmatch vun der zweetleschter Qualifikatiounsronn sollt awer net gutt ufänke fir d’Fola, well schonns no 9 Minutte konnt d’Lokalekipp duerch den Chadwick mat 1:0 a Féierung goen.

An der zweeter Hallschent ass et dunn awer besser gaangen. No enger Virlag vum Bruno Freire konnt de Stefano Bensi an der 69. Minutt den Ausgläich markéieren.

An der 88. Minutt dunn d’Erléisung fir de Lëtzebuerger Champion. De Stefano Bensi huet de Ball opgeluecht fir de Caron an dee konnt fir d'2:1-Schlussresultat suergen, esou datt d’Fola den Allersmatch knapps gewënnt.

De Resumé vum Match vum Serge Olmo

Back to Top
CIM LOGO