Mat hir huet dat d’Gewënnerin vum fréiere WTA-Turnéier hei zu Lëtzebuerg gemaach, déi däitsch Julia Görges.
En Donneschdeg um 18 Auer spillt d’Mandy Minella hir Véierelsfinall géint déi op Nummer 2 gesate Kim Clijsters aus der Belsch. Sou lues a lues mécht sech eng kleng Nervositéit bemierkbar.
“Sou lues spieren ech eng Nervositéit, besonnesch wou ech elo hei op de Site komm sinn, den Terrain a meng Géignerinne gesinn hunn. Géint e puer vu menge Konkurrentinnen hunn ech scho gespillt, géint anerer nach net. D’Martina Hingis zum Beispill war scho ganz fréi an hirer Karriär ganz gutt, zu deem Ament souz ech nach an der Schoulbänk.”
D’Martina Hingis kéint d’Mandy Minella fréistens e Sonndeg an der Finall begéinen. Et dierf ee gespaant sinn, wei déi Top-Spillerinne sech iwwer déi 4 Deeg presentéieren.
“Et muss ee soen, dat si Legenden aus dësem Sport, waren Nummer 1 vun der Welt oder Top-Ten-Spillerinnen. Déi waren an hirer Karriär mental immens staark an haten en aussergewéinlecht Spill. Ech denken net, datt dat vun haut op muer einfach sou verflitt, just wëll ee manner spillt.”
Wéi gutt d’Form beim Mandy Minella a bei hire Géignerinnen ass, dovunner kënnt Dir Iech déi nächsten Deeg bei eis op RTL Zwee an op RTL.lu informéieren. Mir si bei de siwe gespillte Matcher live fir Iech dobäi.