
Fir datt dat reng vum Kalenner ka geschéien, gouf d’Europameeschterschaft jo schonn op d’nächst Joer verluecht. Duerch deen Decalage mussen awer elo natierlech och Reglementer ugepasst ginn.
An dat huet déi international Futtballfederatioun Fifa lo scho gemaach. D’Kontrakter, déi den 30. Juni festgehalen hunn, lafen elo eréischt aus, wann d’Saison och effektiv eriwwer ass.
“A wat grad esou wichteg ass, ass, datt de Spiller keen Transfert däerf maachen, bis déi nei Saison ugeet. Dat heescht, hie ka riskéieren, wann hie seet, mäi Kontrakt geet just bis den 30. Juni, fir 2-3 Méint keen Transfert däerfen ze maachen.”, erkläert den FLF-President Paul Philipp.
Ma och bei der Lëtzebuerger Futtballfederatioun goufe scho veschidde Reglementer lo an der Corona-Kris ugepasst: “Eng éischt Barrière hu mer ewechgeholl. D’Veräiner hätten Zäit gehat, bis den 1. Mee den Non-transfert ze maachen, dat ass elo emol bis op Weideres verréckelt ginn. Wat och kloer ass, ass, datt eis national Transfertperiod muss verréckelt ginn. Wat awer genee esou wichteg ass, wéini geet déi nei Saison nees un, an dat wäerte mir net selwer decidéieren.”, esou nach de Paul Philipp.
An Däitschland trainéieren d’Profiveräiner aus der 1. an der 2. Bundesliga schonn nees zanter enger Woch a klenge Gruppen an ënner strenge Reegelen. Et kéint ee sech déi Säit der Musel och virstellen, den 1. oder 2. Weekend am Mee nees Matcher ze hunn, dat awer ouni Public. D’Fro stellt sech natierlech och, vu wéini un ee sech esou en Zenario hei zu Lëtzebuerg kéint virstellen.
“Ier mer géifen esou eng Decisioun huelen, géife mer Kontakt mam Sportministère, deen a Kontakt mam Gesondheetsministère ass, huelen, esou wéi dat elo och schonn déi ganzen Zäit de Fall ass. Natierlech geet do d’Sécherheet an d’Gesondheet vir. Ech géif soen, datt Ufank Mee, fir do nees ze spillen, ganz knapp gëtt, fir net ze soen onméiglech.”
D’DFL, d’Däitsch-Futtball-Liga huet en Dënschdeg matgedeelt, datt si eréischt d’nächst Woch eng Decisioun huelen, wéini déi éischt Matcher nees solle sinn. U sech wollt d’DFL dat e Freideg maachen.
D’nächst Woch en Donneschdeg kënnt awer och nees d’Uefa-Exekutiv iwwer Videokonferenz zesummen, fir ze kucken, wéi et am europäesche Futtball kéint weidergoen.
No der Annonce e Mëttwoch vum Premier Xavier Bettel datt bis den 31. Juli gréisser Manifestatiounen annuléiert sinn ass de Paul Philipp alles anescht wéi optimistesch fir de Futtball Championnat kenne fäerdeg ze spillen, dat sot den FLF-President den Owend RTL géintiwwer.
De Paul Philipp hofft och datt d’UEFA déi nächst Woch wäert agesinn datt d’Championnater net per Force kennen op en Enn gespillt ginn. Bis elo war d’Meenung an den Drock vum europäesche Futtball Verband jo strikt fir d’Saison nach fäerdeg ze spillen.
De nächsten Dënschdeg ass eng Videokonferenz mat der UEFA an en Donneschdeg kennt den Exekutivcomité zesummen.
Den FLF-President sot am RTL Interview och datt déi Responsabel vun der UEFA missten Ënnerscheeder tëscht de klengen Natiounen an deene grousse Championnater maachen, wou et ëm vill Gelder geet.
