
Um Freideg den Owend rullt de Ball dann och an Italien nees, nämlech mam éischte Retourmatch vun der Coppa Italia Halleffinall, wou Juventus Turin op den AC Mailand trëfft. Am Allersmatch gouf et en 1-1.
An Optakt e Freideg den Owend vum 31ten, an domadder 4.-leschte Spilldag an der däitscher Bundesliga. Hoffenheim trëfft um 20.30 Auer op Leipzig.
Deemno wéi d'Matcher dëse Weekend ausginn, kéint Bayern München de Championstitel feieren a Paderborn géif sécher an déi zweet Bundesliga ofsteigen.
Bayern München spillt e Samschdeg géint Gladbach a Paderborn, d'Ekipp vum Laurent Jans, spillt géint den direkten Ofstigskandidat Bremen.