
En Donneschdeg um 18.30 Auer spillt bei den Hären den HB Diddeleng géint den Handball Esch an um 20.45 Auer ass den Duell Bierchem géint déi Déifferdenger Red Boys. Et erwaart ee sech am Gymnase vun der Coque ganz spannend Partien.
Op där enger Säit huet den Handball Esch sech scho mam Championstitel belount an huet vläicht manner Drock op sech, wat e Virdeel fir dëse kéint sinn. Op där anerer Säit hunn déi Escher de leschte Samschdeg, an iwwerhaapt déi lescht Spilldeeg, un hir Limitte misste goen. Den Diddelenger Dan Mauruschatt gesäit do kee Virdeel fir säin HBD.
Mir haten och en intensive Match géint Bierchem. Mir hu vill Gas ginn a konnte méi auswiessele wéi déi Escher bei hirem Match. Et ass eng Coupe-Halleffinall a jidderee leet alles an de Wee, fir ausgerout an de Match ze goen. Si wëllen et onbedéngt, mir wollten et onbedéngt.
Beim Remake vun der Finall vum leschte Joer an zwar Bierchem géint d’Red Boys Déifferdeng ass ganz sécher vill Brisanz am Spill, well zejoert den HC Bierchem no enger total geckeger Schlussphas an no ganz laangen Diskussiounen d’Coupe gewonnen hat. Iwwerhaapt gouf et déi lescht Saisonen e puer Mol Nospiller no den Dueller tëscht béide Formatiounen. Den Alen Zekan a seng Déifferdenger Kolleegen haten de leschte Samschdeg den Titel an allerleschter Sekonn verluer an et kann ee sech virstellen, datt si awer hir Zäit brauchen, fir dat ze verdauen.
Et ass sauer well s du e Joer Aarbecht drastéchs. Ech mengen, et ass batter, d’Woch unzefänken, mee mir mussen et maachen. D’Coupe ass nach op a mir wäerten dorobber pochen.
Déi Bierchemer sinn europäesch an hunn eng gutt Saison gespillt. Si hunn am Playoff gewisen, datt si jidderee kënne klappen. Deemno geet den Nationalspiller Ben Weyer mat grousser Virfreed an d’Coque.
Déi zwou Ekippen, déi sech en Donneschdeg wäerte fir d’Finall qualifizéieren, wäerte sech dann e Samschdeg vu 20.45 Auer u géintiwwer stoen.
Bei den Damme sinn e Freideg déi zwou Halleffinallen. Den HB Diddeleng ass vun 18.30 Auer un de grousse Favorit géint Réiden. Um 20.45 Auer spillt dann de Museldall géint den neie Champion HB Käerjeng. D’Finall ass e Sonndeg Owend um 18 Auer.