
No 20 Joer als President vum T71 Diddeleng hält de Marcel Wagener op. Am Podcast Drëtt Hallschent huet hie mam Jeff Kettenmeyer iwwert déi vill schéin Amenter geschwat, déi hien un der Spëtzt vum Veräin aus der Forge du Sud erlieft huet. De Marcel Wagener kuckt och op déi rezent batter Néierlag géint de Gréngewald am Championnat zeréck a wéi hien d‘Kritik un den Arbittere gemengt huet.
Hien erzielt, wéi schwiereg et virun 20 Joer war, den T71 an der Stad Diddeleng géint den F91 an och den HBD interessant ze maachen an och wisou et him esou wichteg war an ass, datt d’Damme géintiwwer den Hären net ze kuerz kommen. De laangjäregen Diddelenger President thematiséiert och den Ëmgank tëscht de Veräiner a gëtt als Beispill wéi fréier d‘Entente tëscht de Clibb war.
De ganze Podcast kënnt Dir wéi gewinnt op RTL Play lauschteren.
Dës Woch ass de Marcel Wagener Invité am Podcast Drëtt Hallschent.