
Den Neil Pattison soll och déi nächst zwou Saisonen nach Trainer bei der Ettelbrécker Etzella am Futtball bleiwen.
De Veräin aus den Däichwisen huet matgedeelt, datt een an der Kontinuitéit wëll weiderschaffen. De Pattison hat am Laf vun der Saison den Trainerposte vum Claude Ottelé iwwerholl.
De Co-Trainer vum Ottelé war am Ufank mol do, fir den Interim beim Tabellenzéngten aus der ieweschter Divisioun ze assuréieren, krut an der Wanterpaus d’Vertraue bis d’Enn vun der Saison ausgeschwat an elo ass et eben d’Verlängerung vum Kontrakt bis 2022.