
Wéi schonn an der Champions League wäert et dëst Joer och an der Europa League eng reng englesch Finall ginn.
Eng schwéier Missioun fir Valencia, déi en 1:3 missten ophuelen. Eng kleng Hoffnung gouf et no 11 Minutten, wéi de Rodrigo eng gutt Pass op den zweete Potto bruecht huet an de Gameiro hei de Ball nach just huet missten iwwert d’Linn drécken. Ma d’Freed vum 1:0 war kuerz. 6 Minutte méi spéit kann de Lacazette sech am Kappballduell duerchsetzen, d’Spillgerät kënnt bei den Aubameyang an deen huet dem Neto am Gol vu Valencia keng Chance gelooss. 1:1. Dat huet Valencia geschockt an Arsenal hat du méi vum Match. Ma e Gol soll an der éischter Hallschent net méi erausgesprongen.
Arsenal huet et dunn no 50 Minutten nach méi schwéier fir Valencia gemaach. Den Torreira huet de Ball op de Lacazette gespillt, dee konnt sech am Strofraum géint de Piccini behaapten an huet dunn ouni Problem markéiert. Ma Valencia huet sech net opginn. 8 Minutte méi spéit schéisst de d’Gebuertsdagskand Gameiro e weidere Gol. De Rodrigo hat ofgezunn an de Gameiro, deen u sech am Wee stoung, huet mat der Feescht de Ball an de Gol gedréckt. Um Schluss vum Match waren et dunn nees d’Minutte vum Aubameyang. An der 69. Minutt konnt een eng Pass vum Maitland-Niles notzen, fir den 3:2 ze schéissen an an der 88. Minutt huet hien nach op 4:2 erhéicht, datt no Virlag vum Mkhitaryan.

Nom 1:1 zu Frankfurt war d’Ausganspositioun fir Chelsea net esou schlecht, ma och Frankfurt hat nach gutt Chancen, sech ze qualifizéieren. Ma d’Englänner haten an der éischter Hallschent méi vum Match, gekréint gouf dat an der 28. Minutt. Den Hazard huet sech gutt op der lénker Säit duerchgesat a perfekt fir de Loftus-Cheek opgeluecht. Deen huet aus spatzem Wénken de Ball an de laangen Eck geschoss an dem Trapp esou am Gol keng Chance gelooss. Dono hat d’Chelsea nach e puer Chancen, grad wann et séier gaangen ass, fir ze markéieren, ma et ass virun der Paus beim 1:0 bliwwen.
No der Paus huet sech Frankfurt séier zeréckgemellt. No grad emol 4 Minutten kann de Jovic den héije Ball zeréck op den Gacinovic a start direkt duerch. Dat huet säi Matspiller gesinn an huet him de Ball gutt zerwéiert. Am 1 géint 1 huet de Stiermer dunn dem Kepa am Gol vun Chelsea keng Chance gelooss. Frankfurt huet dono weider Drock gemaach an d’Chelsea koum laang Zäit net méi richteg zeréck an de Match. Chelsea ass zum Schluss nees besser ginn, ma weder si nach Frankfurt konnten den entscheedende Gol markéieren, esou datt et an d’Verlängerung gaangen ass.
No 100 Minutten hat Frankfurt eng grouss Chance, ma de Louis konnt de Schoss vum Haller nach esou just vun der Linn krazen. An der 105. Minutt gouf dann och e Käpper nees vum Haller in extremis gerett. Nom Säitewiessel war et dunn Chelsea, déi eng gutt Chance haten, ma den Trapp an den Hinteregger haten hei eppes dogéint.
Gefeiert gouf an der 116. Minutt ganz kuerz, wéi Chelsea de Ball an de Gol gedréckt huet. Ma den Azpilicueta huet dem Trapp de Ball quasi aus der Hand gekäppt an den Arbitter huet op Feeler entscheet. De Videoarbitter konnt hei awer net gefrot ginn, well deen an der Halleffinall vun der Europa League net agesat gëtt.
Et gouf et och kee Gewënner no 120 Minutten, esou datt de Match elo vum Punkt huet missten entscheet ginn:
Frankfurt fänkt un an den Haller trëfft géint de Kepa. 1:0 Frankfurt
Barkley verwandelt géint Trapp. 1:1
Jovic trëfft géint Kepa. 2:1 Frankfurt
Trapp hält géint Azpilicueta. Weider 2:1 Frankfurt
De Guzman trëfft. 3:1 Frankfurt
Jorginho markéiert. 3:2 Frankfurt
Hinteregger schéisst an d’Mëtt, Kepa bleift stoen: Weider 3:2 Frankfurt
David Luiz gläicht aus: 3:3
Paciencia scheitert u Kepa: Weider 3:3
Hazard markéiert leschte Penalty. Chelsea ass weider.