Hei krut d’Union Titus Péiteng Besuch vum amtéierende Champion F91 Diddeleng. D’Gäscht aus der Forge du Sud hu probéiert, d’Spill u sech ze rappen an aus eegenem Ballbesëtz eraus d’Partie ze kontrolléieren. Allerdéngs hate si Problemer, fir sech Chancen erauszespillen, aneschters war dat bei den Haushären, déi an der 21. Minutt verdéngt a Féierung gaange sinn. Do war et de Mokrani, deen no enger Flank vum Texeira ganz eleng stoung an op 1:0 stelle konnt.
Nom Gol stoung Péiteng an der Defensiv weiderhi ganz stabil an dat géint erschreckend schwaach Diddelenger, déi an der éischter Hallschent keng wierklech geféierlech Aktioun haten.

Nom Säitewiessel huet een dunn awer een anert Gesiicht vum F91 gesinn, si waren elo vill méi bësseg an hu fréi attackéiert, ma déi Phas war net vu laanger Dauer.
An der Schlussphas huet den F91 nach emol alles probéiert, fir nach e Gol ze schéissen, ma et sollt kee méi falen op alle Fall net fir den F91.
An der 93. Minutt huet nämlech de Fatou nach fir Péiteng markéiert an déi gewannen also 2:0, esou dass den F91 am 6. Match schonns déi 4. Néierlag astieche muss. Mat nëmme 4 Punkte sti si op der 12. Plaz an der Tabell an hu schonns 12 Punkte Retard op den Tabelleleader Nidderkuer.