
Lass geet et de Weekend vum 4. August 2019. De leschte Spilldag ass fir de Weekend vum 17. Mee geplangt.
Um éischte Spilldag an der BGL Ligue kritt de Champion F91 Diddeleng et mam Opsteiger FC Millebaach ze dinn. Et kënnt dann och direkt zu engem richtege Spëtzematch, wou de Progrès Nidderkuer Besuch vun der Escher Jeunesse kritt. Weider muss den FC Déifferdeng 03 um Gaalgebierg géint d’Fola Esch untrieden. Da sinn et weider nach d’Partien US Hueschtert géint US Munneref, Rodange muss géint Stroossen erun, Rouspert kritt Besuch vun der Etzella an de Racing spillt géint Péiteng.