Coupe am FuttballF91, Progrès an D03 en Tour weider, Rodange eliminéiert

RTL Lëtzebuerg
Déi meescht Ekippen aus der BGL Ligue konnte sech um Sonndeg fir d'Aachtelsfinalle qualifizéieren. Rodange huet zu Kanech verluer.
© afp

Um Sonndeg gouf bei den Hären d’Suite vun de 1/16-Finallen an der Coupe gespillt.

D’Iwwerraschunge bloufe gréisstendeels aus. Aus der BGL Ligue gouf just Rodange eliminéiert. D’Ekipp aus dem Süden huet zu Kanech mat 0:2 de Kierzere gezunn. Schëffleng aus der Éierepromotioun huet zu Weiler (1. Divisioun) 0:1 verluer. Aus der 2. Divisioun ass Lëntgen en Tour weider. No Eelefmeterschéissen huet ee sech géint Iechternach duerchgesat.

De Progrès, Diddeleng, Déifferdeng, Rouspert a Wolz hu sech an hire Partien duerchgesat a stinn am nächsten Tour. D’Jeunesse huet sech och knapp zu Walfer duerchgesat. Stroossen huet eng ganz iwwerzeegend 8:0-Victoire gefeiert a steet och an den Aachtelsfinallen. Do stinn och Baastenduerf no engem Erfolleg géint Veianen a Käerjeng no enger Victoire am Eelefmeterschéisse géint Miersch. D’Matcher Bieles géint Munneref a Fola géint Péiteng goufe wéinst ze vill Niwwel ofgebrach.

Um Samschdeg hat de Racing schonns Hesper eliminéiert.

Den Iwwerbléck vun de Resultater

Back to Top
CIM LOGO