Olympesch Spiller - LiichtathletikFaith Kipyegon mat Victoire an Olympiarekord iwwer 1.500 Meter

RTL Lëtzebuerg
Ier de Lëtzebuerger Charel Grethen e Samschdeg bei den Hären iwwer 1.500 Meter un den Depart geet, war e Freideg d'Course vun den Dammen.
© RTL

D’Kenianerin Faith Chepngetich Kipyegon konnt mat enger Zäit vun 3 Minutten, 53 Sekonnen an 11 Honnertstel den Olympesche Rekord an där Disziplin briechen a sech d’Victoire sécheren. Op déi zweet Plaz ass d’Brittin Laura Muir an 3 Minutten, 54 Sekonnen a 50 Honnertstel komm, Bronze ass un d’Hollännerin Sifan Hassan gaangen (3:55,86).

Déi 27 Joer al Kenianerin ka soumat hiren Titel vun de leschten Olympesche Spiller zu Rio de Janeiro verdeedegen an déi zweet Goldmedail fir hiert Land zu Tokio gewannen.

© RTL

Back to Top
CIM LOGO