Handball-WMFavoritten aus de Gruppe weider, Spannung gouf et an der Grupp D

RTL Lëtzebuerg
Am éischten Tour vun der Handball-WM goufen 8 Länner eliminéiert. An der zweeter Gruppephas geet et fir déi 24 verbleiwend Ekippen ëm d'Véierelsfinall.
© AFP

An der Grupp A konnt Spuenien sech souverän déi éischte Plaz sécheren, datt mat 3 Victoiren aus dräi Matcher. Montenegro koum mat enger Néierlag op d’Plaz 2 an den Iran op 3. Chile ass net weider.

Frankräich war d’Ekipp vun der Grupp B, laanscht déi kee komm ass. Slowenien a Polen sinn och eng Ronn weider, fir Saudi-Arabien war keng Plaz méi an der zweeter Gruppephas.

En änlech Bild och an der Grupp C, wou Schweden sech viru Brasilien an dem Cap Vert qualifizéiert, Uruguay koum net weider.

Méi spannend war et dunn an der Grupp D, wou sech direkt 3 Ekippe mat all Kéiers 4 Punkte qualifizéiere konnten an net wierklech eng Ekipp dominéiert huet. Hei si Portugal, Island an Ungarn weider, Südkorea ass eraus.

E Bléck op d’Grupp vun eisen däitschen Noperen, déi sech am E géint Serbien an de Katar duerchsetze konnten, Algerien dierf net mat an déi zweet Gruppephas.

Dominéiert huet dann Norwegen d’Grupp F, virun Holland an Argentinien. Nordmazedonien koum op déi véiert a leschte Plaz a steet domadder net an der Haaptronn.

Ägypten, Kroatien an d’USA sinn an der Grupp G weider, Marokko muss an de Presidents Cup. Do treffe si dann ënner anerem op Tunesien, déi am Grupp H déi leschte Plaz kruten a wou sech Dänemark, de Bahrain an d’Belsch qualifizéiert hunn.

Haaptronn

An der Haaptronn geet et dann elo a véier Gruppen mat all Kéiers sechs Länner weider. Hei spillt awer net nees all Land géint all déi aner aus der Grupp, mä d’Punkte géint déi Ekippen, géint déi ee scho gespillt huet, gi matgeholl. Déi zwou bescht Ekippen aus all Grupp qualifizéiere sech fir d’Véierelsfinallen.

An der Grupp 1 sti Spuenien an Frankräich mat véier Punkten un der Spëtzt, viru Slowenien a Montenegro mat 2 a Polen an dem Iran mat 0.

An der Grupp 2 steet Schwede ganz uewe mat 4 Punkten, dohannert komme Portugal, Island, Ungarn a Brasilien mat 2 Punkten an um Wupp läit de Kap Vert mat kengem Punkt.

Norwegen an Däitschland sinn dann d’Spëtze vun der Grupp 3 mat 4 Punkten. Dohannert da Serbien an Holland mat 2 Punkten an de Katar an Argentinien hu kee Punkt.

Ganz uewen an der Grupp 4 stinn dann Dänemark an Ägypten mat 4 Punkten, dohannert da Kroatien an Bahrain mat 2 an d’Belsch an d’USA mat 0.

Presidents Cup

Déi lescht aus alle Gruppen aus de Virronne spillen am Presidents Cup ëm d’Plaze 25 bis 31, dat opgedeelt an zwou Gruppen. Déi bescht Ekipp aus all Grupp gëtt als 25. gewäert, déi zweeten als 27., déi drëtten als 29. an déi leschten als 31.

An der Grupp 1 sinn Chile, Saudi-Arabien, Südkorea an Uruguay, an der Grupp 2 spillen Algerien, Marokko, Nordmazedonien an Tunesien mat.

Back to Top
CIM LOGO