3 Deeg nom Bayern-DebakelFC Barcelona trennt sech vu sengem Trainer Quique Setien

RTL Lëtzebuerg
D'2:8-Defaite géint Bayern München an der Champions League war dës Gudden ze vill. E Méindeg den Owend hunn d'Katalanen den Trainer erausgehäit.
© AFP (Archiv)

8 Méint laang souz de Quique Setien op der Trainerbänk vum FC Barcelona. E Méindeg den Owend gouf hie fréizäiteg vun de Responsabele vum Veräin entlooss. Dës Decisioun hat sech an de leschten Deeg ugedeit, nodeems de Veräin an der Véierelsfinall vun der Champions League mat 2:8 géint Bayern München ënnergaange war.

De Spuenier huet mat Barcelona dës Saison déi dräi méiglech Titele verpasst. Virum Out an der Champions League war et d’Eliminatioun an der Véierelsfinall vun der spuenescher Coupe an am Championnat huet ee sech dem grousse Rival Real Madrid misse geschloe ginn.

Den hollänneschen Nationaltrainer Ronald Koeman gëllt als Favorit op d’Successioun vum Setien. De Koeman huet vun 1989 bis 1995 fir Barcelona gespillt an huet an där Zäit den Europapokal vun de Championen a véier Mol de spuenesche Championstitel gewonnen. Och den Argentinier Mauricio Pochettino zielt zu de méigleche Successeuren. Bis 2019 war hie bei Tottenham Hotspur. Zu de Kandidaten zielt donieft och nach de Xavi, hien ass aktuell als Trainer am Katar aktiv.

Back to Top
CIM LOGO