Méigleche Géigner vu PéitengFC Prishtina léint 20 Spiller aus, fir Europa-League-Quali kënnen ze spillen

RTL Lëtzebuerg
De Coronavirus perturbéiert nach ëmmer d'Sportswelt, ënnert anerem och elo nees de Futtball.

Well 8 Spiller vum kosovaresche Club vu Prishtina positiv op de Coronavirus getest goufen, huet de Coupe-Gewënner bei anere Veräiner aus dem kosovaresche Championnat 20 Spiller ausgeléint, fir d’Qualifikatioun vun der Europa League ze spillen.

Dat ass aus Lëtzebuerger Siicht interessant, well Prishtina de méigleche Géigner vu Péiteng an der Europa League ka sinn.

Dofir mussen d’Kosovaren awer fir d’éischt hire Match géint eng Ekipp aus Gibraltar gewannen.

Back to Top
CIM LOGO