
Schalke war an der 30 Minutt duerch e Kappball vum Thiaw mat 1:0 a Féierung gaangen. Et war fir dës Saison déi éischte Kéier, dass Schalke an engem Match a Féierung goung.
Stuttgart huet an der 2. Hallschent dunn awer vun engem Handspill vum Sané profitéiert. No engem Fräistouss huet den Gonzales op de Schalker Gol gekäppt, ma de Sané huet de Ball mam Aarm ofgeblockt. De Schidsriichter huet sech d’Situatioun nach emol am Videobeweis ugekuckt an op Eelefmeter fir Stuttgart decidéiert. De Gonzalez huet dee sécher verwandelt an et stoung 1:1 an der 56. Minutt.
Mat deem Resultat gouf de Match dann och um Enn ofgepaff. Domat bleift Schalke am 22. Match hannerteneen ouni Victoire. Déi Kinneksblo kënnen awer mat deem Punkt zefridde sinn, well an der 2. Hallschent war Stuttgart definitiv déi besser Ekipp.
Stuttgart réckelt provisoresch op Plaz 4 an der Tabell, wärend Schalke weiderhin op Plaz 17 steet... elo mat 2 Punkten.