
Nieft dem Escher Duell steet fir den Optakt e weideren Derby um Programm. Deen gëtt am Éislek gespillt an heescht Wolz géint Etzella. Et ass zanter der Saison 2015/2016 déi éischte Kéier, datt béid Formatiounen nees an der ieweschter Divisioun géintenee spillen. Wolz huet jo no laange Joren den Opstig aus der Promotioun gepackt an ass dann och héich motivéiert fir déi nei Saison. Den Trainer Dan Huet bestätegt déi positiv Dynamik, hie betount nämlech, dat een e gudde Grupp hätt an et hätt ee sech och gutt verstäerkt.
Markantsten Transfert ass ganz sécher dee vum Ralph Schon. De beschte Lëtzebuerger Golkipp soll zesumme mam David Vandenbroeck, dee vun Déifferdeng komm ass, fir déi néideg defensiv Stabilitéit suergen. Et hätt een am Viraus gekuckt, op wéi enge Plazen ee sech misst verstäerken an dat hätt een dann och gemaach.
Gréisser Departe goufen et keng zu Wolz, dat ass awer ganz anescht bei der Etzella. Mat ënner anerem Grub, Pimentel a virun allem Holtz hu wichteg Spiller de Veräin verlooss an déi Departe mussen emol kompenséiert ginn, esou den Trainer Neil Pattison. Den Ettelbrécker Trainer ass zwar der Meenung, dass de Kevin Holtz de Kapp vun der Ekipp war, dat um an nieft dem Terrain, ma nawell mengt hien, dass een deen en oder aner Spiller am Kader hätt, fir hien ze kompenséieren.
Soi-disant “Vedetten” konnten zu Ettelbréck net engagéiert ginn an esou gëtt villes op den Ekippegeescht gesat. Den Trainer huet dann och ganz realistesch Wënsch. Hie wëll e staarke Kollektiv forméieren an dann och sou fréi wéi méiglech sou vill wéi méiglech Punkte sammelen.
E Samschdeg geet et fir béid Ekippe lass.