
Um éischten Dag stoung zu Val Müstair an der Schwäiz ee Sprint um Programm. Bei den Hären huet sech den Italiener Federico Pellegrino an der Finall mat engem Virsprong vun 0,57 Sekonne virum Alexander Bolshunov behaapt. Als Drëtten huet sech de Fransous Richard Jouve klasséiert. Hien hat e Retard vun 2,53 Sekonnen.
Bei den Dammen huet sech d’Schwedin Linn Svahn d’Victoire geséchert. Op d’Plazen zwee an dräi sinn d’US-Amerikanerin Jessica Diggins an d’Schwedin Frida Karlsson komm. Si haten e Réckstand vun 3,41 respektiv 5,83 Sekonnen.
E Samschdeg geet et da mat der 2. Etapp weider. Hei steet bei den Dammen e Massestart iwwer 10 Kilometer um Programm a bei den Hären ass et e Massestart iwwer 15 Kilometer.