De Futtballstadion op der Kockelscheier wäert bal 80 Milliounen Euro kaschten. Viru kuerzem huet de Stater Gemengerot fir en Depassement vum Budget vu ronn 18 Milliounen Euro gestëmmt. Beim Bau koum et zu enger Rëtsch Feeler bei der Planung an awer och zu Feel-Aschätzungen. Wien elo genee dofir responsabel ass, dozou well d’Stad Lëtzebuerg keng Detailer ginn. De Frank Elsen erkläert.
Am Ufank, also 2014, loungen d’Estimatioune vun de Käschte vum neie Stadion nach bei 30 bis 35 Milliounen Euro. Dat Joer drop gouf scho vun 58 Millioune geschwat. Enn 2016 gouf dunn de Budget vun 61 Milliounen Euro approuvéiert. Ma rezent gouf de Stadion nach emol 18 Milliounen Euro méi deier. De Gros vun deene Käschte wieren op d’Feeler vum Bureau d’études zréckzeféieren, huet Stater Buergermeeschtesch viru kuerzem matgedeelt.
RTL-Artikel (9.9.19): Käschte vum Stadion geklommen, Bureau d’études soll sanktionéiert ginn D’Stad Lëtzebuerg ass Bauhär vum Projet. Am Ganze schaffen 12 däitsch a lëtzebuergesch Architekten- an Ingenieursbüroe beim Projet mat. D’PGNL setzt sech aus engem Deel vun dësen Büroen zesummen. Ma wie vun de Bureaux d’études Feeler gemaach huet, dozou wollt d’Stad Lëtzebuerg keng Detailer ginn. An och d’PGNL wollt zu deem ganze kee Kommentar maachen. De Sportsministère sengersäits wollt och näischt soen a verweist op de Bauhär eben d’Stad Lëtzebuerg.
Dem Onlinemagazine “Reporter” no, concernéieren d’Feelaschätzunge bal alleguerten d’Beräicher. Et gi Problemer mat der Fassade, der Beliichtung, der Beschëlderung vum Schantjen, dem Wuess an der Unzuel vun de Fraen-a Männertoiletten. Een Deel vun den zousätzleche Käschten, déi eben op Feeler vum Bau zréckzeféiere sinn, chiffréiere sech op 10 Milliounen Euro. Ënnert dës Käschte falen d’Beliichtung vun der Fassad, d’Videoiwwerwaachung, grad ewéi déi vum Ausbau vum 5G. Besonnesch déi héich Zomm vum Parking nieft dem Stadion fält op. Wou déi aner 8 vun den 18 Millioune fléissen, steet allerdéngs op.
Ee vun de Feeler betrëfft d’Fassade. D’Konstruktioun, déi mat engem Support aus Filigran eng natierlech Beliichtung erméigleche soll, gouf ëm 1,4 Milliounen Euro ënnerschat. Och d’Ofdichtung gouf falsch berechent. Hannert den Tribüne soll d’Konstruktioun op sinn, an dowéinst soll et ferm era blosen. Um Wuess bannen am Stadion dierfe keng Open-Air-Evenementer ofgehale ginn. D’Concerte ginn eben op engem Parking nieft dem Stadion organiséiert. Dat soll net méi ronn 700.000 Euro, mä 2,7 Milliounen Euro kaschten.
E weidere Feeler betrëfft d’Dammentoiletten. Opgrond vun Aschätzunge wieren manner Dammen ewéi Männertoiletten am neie Stadion geplangt. Eng Decisioun déi sech awer als strategesch falsch erausstellt, well d’Leit bei Open-Air-Evenementer d’Toiletten am Stadion notze sollen.
2020 soll den neie Stadion opgoen. En huet eng Fläch vu knapp 25.000 Quadratmeter an en huet Plaz fir ronn 10.000 Spectateuren.