Schi AlpinFilip Zubcic séchert sech de Riseslalom zu Bansko

RTL Lëtzebuerg
Bei den Dammen huet d'Lara Gut-Behrami och déi zweet Descente zu Val di Fassa gewonnen.
© AFP (Archiv)

Am Schi-Alpin-Weltcup stoung e Samschdeg bei den Dammen eng Descente zu Val di Fassa an Italien um Programm a bei den Häre war e Riseslalom zu Bansko a Bulgarien.

An der Härecourse huet sech de Filip Zubcic aus Kroatien d’Victoire geséchert. Hien hat e Virsprong vu 40 Honnertstel op de Fransous Mathieu Faivre. Um Podium stoung nach de Stefan Brennsteiner aus Éisträich. Hien hat e Retard vun 93 Honnertstel.

Bei den Damme war d’Victoire op en Neits fir d’Lara Gut-Behrami. D’Schwäizerin huet sech dës Kéier mat engem Virsprong vun 32 Honnertstel virun hirer Landsfra Corinne Suter behaapt. Op déi drëtte Plaz ass d’Kira Weidle aus Däitschland gefuer. Si hat e Retard vun 68 Honnertstel.

Back to Top
CIM LOGO