Schi AlpinFilip Zubcic wënnt de Riseslalom zu Santa Catarina

RTL Lëtzebuerg
Bei den Dammen huet de Super G zu St. Moritz missen ofgesot ginn, nodeems iwwert d'Nuecht bis zu 80 Zentimeter Nei-Schnéi gefall war.

E Samschdeg de Moien ass et fir d’Hären an Italien un den Depart gaangen, wou sech de Kroat d’Victoire séchere konnt. Mat engem Virsprong vun 0,12 Sekonnen stoung de Filip Zubcic um Enn vum zweeten Duerchgang un der Spëtzt, dat virum Zan Kranjec aus Slowenien an dem Marco Odermatt aus der Schwäiz. Fir de 27-Joer-ale Fuerer aus Kroatien ass dat déi 2. Weltcup-Victoire a senger Karriär.

Am General steet de Fransous Alexis Pinturault mat 195 Punkten op der 1. Plaz, mat 148 Punkten ass de Filip Zubcic elo den Zweeten an op der drëtter Positioun steet de Marco Odermatt mat 140 Punkten.

Op Grond vun ze staarkem Wand a bis zu 80 Zentimeter Nei-Schnéi haten d’Organisateure bei den Damme keen anere Choix wéi de Super G zu St. Moritz ofzesoen.

Back to Top
CIM LOGO