Luxembourg Ladies Tennis MastersFinall tëscht Martina Hingis a Kim Clijsters

RTL Lëtzebuerg
D'Hingis huet sech géint d'Daniela Hantuchova duerchgesat an d'Clijsters gewënnt géint Agnieszka Radwanska.

An der éischter Halleffinall huet sech d’Schwäizerin Martina Hingis kloer an zwee Sätz géint d’Daniela Hantuchova aus der Slowakei duerchgesat.

Am zweeten Duell fir an d’Finall war et méi spannend an et goung souguer iwwer dräi Sätz. Schlussendlech gewënnt d’Kim Clijsters mat 6:4, 6:7 an 10:7 am Super-Tiebreak. Nodeems et am éischte Saz no enger klorer Victoire fir d’Belsch ausgesinn huet, ass d’Radwanska am zweete Saz zeréckkomm. Am Super-Tiebreak hat dunn d’Kim Clijsters de méi laangen Otem.

D’Finall vum Luxembourg Ladies Tennis Masters gëtt e Sonndeg vu 14.30 Auer un op RTL ZWEE an op RTL.lu iwwerdroen.

Back to Top
CIM LOGO