D’Luxembourg Open sinn dat éischt Turnéier, wou et Punkte gi fir eng eventuell Qualifikatioun fir d’Olympesch Spiller oder aner kontinental Kompetitiounen. Dofir waren eng Rei asiatesch Spiller a Spillerinnen op Lëtzebuerg gereest.
A villen asiatesche Länner genéisst Badminton grouss Popularitéit, an Indonesien ass et souguer d’Nationalsportaart Nummer 1, firwat sech och eng Delegatioun vun der indoneesescher Ambassade vu Bréissel an d’Coque deplacéiert hat.
Nieft enger gudder Zesummestellung vum Turnéier huet den Organisateur d’Argument vum internationale Fluchhafen, net wäit fort vun der Coque, de gratis ëffentlechen Transport an eng familiär Atmosphär.
D’Presenz vun asiatesche Spiller huet bewierkt, dass den Niveau e gudde Krack am Verglach vum leschte Joer geklommen ass. Dat huet als Konsequenz, dass et fir d’Lëtzebuerger Spiller, d’ Kim Schmidt an de Jerome Pauquet, méi schwéier war, Punkten ze kréien. Souwuel fir de Pauquet wéi fir d’Schmidt war an der éischter Ronn Schluss.
Béid Spiller hunn an de leschten zwee Joer grouss Fortschrëtter gemaach, wat een un hirem Klassement gesi kann. D’Kim Schmidt ass vu 400 op 200 geklommen an de Jérôme Pauquet huet sech am Weltklassement aus den 2000er an d'500er verbessert.
Allebéid hu bei de European Games an annerhallwem Mount eng nächst Chance, sech ze beweisen.