Kuerz no de Paralympics zu Tokio d’lescht Joer huet den Tom Habscheid e Schlussstréch ënnert seng international Karriär gezunn. E Mëttwoch den Owend hat de Para-Liichtathletik op eng Soirée invitéiert, fir de Leit, déi hien iwwert all déi Joren ënnerstëtzt hunn, Merci ze soen.
Den Tom Habscheid war déi lescht Joren d’Aushängeschëld am Lëtzebuerger Parasport an huet de Rout-Wäiss-Bloen-Fändel am Para-Athletissem op der internationaler Bün héichgehalen an dobäi eng sëlleg grouss Erfolleger gefeiert. Eng Karriär, op déi hie mat vill Houfert zeréckkuckt.
“Also ech denke schonn, datt ech am paralympesche Beräich hei zu Lëtzebuerg eng grouss Roll gespillt hunn. Dozou kënnen aner Leit méi soen, wéi ech selwer. Op alle Fall hunn ech et op zwee Spiller gepackt an dorop sinn ech scho wierklech stolz.”
Och wann den Tom Habscheid a Japan mat senger staarker 4. Plaz am Bommstousse säin Dram vun enger Paralympescher-Medail net konnt realiséieren, stoung hie bei Welt- an Europameeschterschafte méi wéi eng Kéier um Podium. Zweemol WM-Sëlwer, fënnefmol EM-Sëlwer an eng EM-Bronzemedail huet hien a senger Karriär gewonnen. Ma fir den Tom Habscheid sinn et net eleng d’Medailen, déi hien an Erënnerung behält.
“Mäi beschte Souvenir vun all de Competitioune bleift fir mech nach ëmmer d’Mënschen, net nëmmen d’Medailen, mä d’Mënschen als éischt. Alleguerten d’Athleten, déi ech a mengem Liewe begéint hunn a mat all deene Mënschen, mat deenen ech zesummegeschafft hunn, dat ass dee beschte Souvenir iwwerhaapt.”
Fir esou eng erfollegräich Karriär brauch een och ronderëm sech déi richteg Leit an Ënnerstëtzung. Den Tom Habscheid hat deen Entourage an dofir war et him wichteg, fir deene Leit op enger Soirée nach eng Kéier Merci ze soen.
“De Grond ass halt, datt ëmmer ganz vill Leit mir iwwert all déi Jore gehollef hunn, mech ënnerstëtzt hunn an dat ass de Merci dofir, deen ech zum Schluss vu menger Karriär hei ginn.”
Ganz ouni Sport geet et och weiderhin net beim Tom Habscheid, hien ass nach sportlech aktiv, mä eben net méi op allerhéchstem Niveau. Fir hie steet elo seng Famill un éischter Plaz.