Premier LeagueFirmino suergt fir weider Victoire vu Liverpool

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg den Owend hunn de Jürgen Klopp a seng Spiller laang missen zidderen. Um Enn gouf et awer eng 2:1-Victoire zu Wolverhampton.
© AFP (Archiv)

Am englesche Championnat war en Donneschdeg den Owend nach ee Match vum 24. Spilldag. Liverpool konnt sech hei mat 2:1 bei de Wolverhampton Wanderers behaapten. D’Goler fir d’Ekipp vum Klopp hunn den Henderson an de Firmino geschoss. Bei der Lokalekipp huet de Jiménez getraff. Fir Liverpool ass et déi 14. Victoire am Championnat noneen. Mat engem Match manner, läit een aktuell 16 Punkte virum aktuelle Champion Manchester City.

An den éischte 45 Minutten huet eng Standardsituatioun den Ënnerscheed gemaach: Liverpool loung an engem ausgeglachene Match mat 1:0 bei de Wolverhampton Wanderers vir. An der 8. Minutt hat den Alexander-Arnold e Corner an de Fënnefmeterraum bruecht. Hei huet den Henderson dat ronnt Lieder mat Hals a Schëller an der Hëllef vum Potto an de Filet gesat. Duerno war et kee Match op allerhéchstem Niveau, ma et ass spannend bliwwen, och wann an den éischte 45 Minutte kee weidere Gol méi gefall ass. Batter fir Liverpool an der 33. Minutt huet de Mané misse wéinst enger Blessur ausgewiesselt ginn.

No der Paus ass et der Lokalekipp an der 51. Minutt gegléckt, fir op 1:1 auszegläichen. De Jiménez hat sech tëscht den Defenseuren am héchsten an d’Luucht geschrauft an de Ball an de lénksen Eck gesat. Duerno ass et ëmmer nees hin an hir gaangen an et gouf op béide Säit gutt Chancen, dat duerch ënnert anerem den Traoré op der Säit vu Wolverhampton an de Wijnaldum op der Säit vu Liverpool. An der 84. Minutt huet dunn de Firmino mat engem secke Schoss an de lénksen Eck fir d’Decisioun gesuergt. Beim 2:1 sollt et bis zum Schluss bleiwen, sou datt Liverpool an dëser Premier-League-Saison weider ouni Néierlag bleift.

Back to Top
CIM LOGO