Diere gi fir d'zweete Kéier zouFitnesszentere fäerten ëm hir Existenz, Clientë si veronséchert

Carine Lemmer
Vun den neie Restriktiounen an der Lutte géint de Coronavirus sinn och d'Fitnesszentere betraff.
Fitnesszentere fäerten ëm hir Existenz
Vun den neie Restriktiounen an der Lutte géint de Coronavirus sinn och d’Fitnesszentere betraff.

Eng zweete Kéier musse si hir Dieren en Donneschdeg nees zouspären. D’Clientë si veronséchert an d’Patronen an d’Gerantë fäerten ëm hir Existenz.

Situatioun vun de Fitnesszenteren / Reportage Carine Lemmer

Mir hu 35% vun eise Clientë verluer, seet d’Sophie Vesse, Gerante vun engem Fitnesszenter. All Dag kënnege Leit hiren Abonnement.

D’Clientë wëlle Sport maachen, mä si veronséchert, ob ee sech net awer kann ustiechen, sou de Charel Trierweiler. A sengem Fitness hat een d’Coursë schonn all op Online ëmgestallt, all sanitär Mesurë respektéiert, mä vill Clientë bleiwen awer léiwer doheem.

Et huet eis enorm wäit zréckgehäit. An de leschte Joren hu mer eis eng gutt Clientèle opgebaut. An de leschte 6 Méint si mer awer nees op den Niveau virun zwee Joer zréckgehäit ginn.

Et gëtt eng Ënnerstëtzung vum Staat, fir méi jonk Betriber manner. Op de meeschte Fixkäschte bleiwen d’Fitnesszenteren awer sëtzen. Déi goungen en plus wéinst Désinfectanten a méi Pabeier zum Beispill däitlech an d’Luucht, sou d’Sophie Vesse.

Mir hu vill méi Fraisen, 2.000 Euro méi de Mount. Dat ass en enorme Budget.

Hire Betrib wëll weider maachen, mä ob een iwwer d’Ronne kënnt, weess een elo nach net.

De Charel Trierweiler fënnt et schued, datt keng Léisunge méiglech sinn, fir awer op ze bleiwen. Vill vu senge Clienten trainéieren elo scho mat Mask. D’Vestiairë kéint een zouloossen. Als Federatioun kéint ee sech anescht organiséieren.

Mir musse kucken, fir eng Federatioun ze grënnen. Fir eng Unitéit ze sinn. A gemeinsam Iddien ze vertrieden.

D’Fermeture elo kéint een nach villäicht verkraaften, mä vu Januar bis Mäerz ass Héichsaison an de Fitnesszenteren, wann d’Leit hir gutt Virsätz huelen. Do kéint e Lockdown fatal sinn.

Back to Top
CIM LOGO