
An der däitscher Bundesliga souz de de Kapitän vun der FLF-Formatioun Laurent Jans beim Match Köln-Paderborn op en Neits 90 Minutte op der Bänk. Köln war iwwer 90. Minutte déi besser Ekipp an kann sech mat engem 3:0 e bëssen Loft am Tabellekeller schafen. Paderborn bleift op der leschter a 18. Plaatz.
An der Ukraine huet de Gerson Rodrigues mat Dynamo Kiew sech mat 1:0 géint Oleksandria duerchgesat. De Lëtzebuerger ass an der 81. Minutt agewiesselt ginn.
E Sonndeg war et a Russland d’Suite vum 13. Spilldag. De Olivier Thill huet mat FK Ufa 1:1 géint ZSKA Moskau gespillt. De Lëtzebuerger Nationalspiller gouf an der 74. Spillminutt fir de Golubev ausgewiesselt. Ufa steet no dësem Match op der 8. Tabelleplaz.
De Karlsruher SC war um Sonndeg zu Bochum op Besuch. An der Paus stoung et 3:2 fir Bochum. Déi zweet 45. Minutte waren méi roueg, ma Karlsruhe konnt nach de Ausgläich markéieren. 3:3 no 90. Minutten. De Lëtzebuerger Dirk Carlson souz bei de Gäscht de ganzen Match iwwer op der Bänk.
Am schwedesche Championnat huet Norköpping mam Lars Gerson1:0 géint Kalmar gewonnen. De Lëtzebuerger Nationalspiller stoung déi 90 Minutten iwwer um Terrain.
An der däitscher Bundesliga huet Mainz mam Leandro Barreiro zu Düsseldorf mat 0:1 de Kierzere gezunn. De Lëtzebuerger soutz déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
An der Ukrain huet um Samschdeg Karpaty mat de Lëtzebuerger Tim Hall a Marvin Martins, déi alle béid an der Ufanksformatioun stoungen, 0:0 géint Lviv gespillt. An der 36. Spillminutt krut den Tim Hall eng giel Kaart.
Waldhof Mannheim huet an der 3. Liga an Däitschland ouni de blesséierte Maurice Deville 0:4 géint Halle verluer. Halle iwwerhëlt duerch dës däitlech Victoire déi éischten Plaz an der Tabell. Mannheim ass elo 7..
Den FC Ingolstadt, mam Lëtzebuerger Trainer Jeff Saibene, huet sech no 90 Minutten no engem 1:1 d’Punkte mam Chemnitzer FC missen deelen.
An der Schwäiz hunn d’Young Boys Bern kloer mat 4:1 géint Neuchâtel Xamax gewonnen. Net am Kader vu Bern stoung de Christopher Martins. Hien ass blesséiert.
Keen Asaz a keng Punkte gouf et e Samschdeg fir de Vahid Selimovic. D’Ekipp vum Lëtzebuerger Apollon Limassol huet am Championnat op Zypern auswäerts mat 0:1 géint Achnas verluer.
An der Ligue 1 a Frankräich huet Lille, d’Ekipp vum Gérard Lopez mat 1:2 zu Toulouse de Kierzere gezunn. De Gol vum Fonte an der 3. Minutt vun der Nospillzäit war hei ze spéit komm, fir nach eppes um Resultat kënnen ze änneren.
An der 2. Divisioun an der Belsch huet Virton auswaërts mat 1:2 géint Beerschot verluer. Den Anthonie Moris stoung fir Virton tëscht de Pottoen a krut an der 43. Minutt eng giel Kaart gewisen. Den Dave Turpel gouf bei der Ekipp vum Geschäftsmann Flavio Becca an der 66. Minutt agewiesselt. De Kevin Malget souz 90 Minutten op der Bänk.
An der Ligue 2 a Frankräich gouf et e Freideg den Owend tëscht Grenoble Foot an US Orléans een 0:0-Gläichspill. De Lëtzebuerger Nationalspiller Vincent Thill souz bei de Gäscht déi 90 Minutten iwwer op der Bänk.
An der 3. Liga an Däitschland hat Kaiserslautern auswäerts keng Chance géint Duisburg. D’Ekipp vum Geschäftsmann Flavio Becca huet mat 1:3 de Kierzere gezunn. Fir Kaiserslautern huet den Thiele an der 73. Minutt de Gol geschoss. Den 1. FCK riskéiert, de Weekend op eng Ofstigsplaz ze rutschen. Duisburg steet an der provisorescher Tabell op der 1. Plaz.