
Zanter der Annonce, dass d’Liichtathletik Federatioun d’Organisatioun vun der Route du Vin un een externe Prestataire ginn huet, gëtt et eng gewëssen Opreegung tëscht verschiddene Clibb an der FLA. De Club vu Maacher, dee laang Organisateur vun der Route du Vin war, huet an deem Kontext och ee Bréif vun de Comité Directeur vun der FLA geschriwwen, wou en a sengen Aen op Mëssstänn hiweist bei der Ausschreiwung fir d’Organisatioun vun der Route du Vin. De Reproche steet am Raum, dass dee Prestataire, deen de Zouschlag fir d’Route du Vin krut, sech net un den Delai vun der Kandidatur gehalen huet. D’Presidentin vun der FLA, Stéphanie Empain, seet dozou, dass et sech hei ëm een administrative Mëssel vu Säite vun der FLA géif handelen. Et hätt ee ganz einfach vergiess, den Dossier de Candidature un de potenziellen Organisateur ze schécken.
“Obwuel dat eigentlech, obwuel dat eise klore Wonsch war si och op der Lëscht unzeschreiwen. Urbain Trail ass herno, no eiser AG, duerch d’Press gewuer ginn, dass een Appel à Candidature stattfonnt hat. Et war also ganz kloer net hire Feeler. Vu que dass mir eis hei net am Kader vum Marché Public Gesetz beweegen, war et eis als Federatioun absolut fräigestallt, dësem Kandidat, dee wéi gesot näischt dofir konnt, 48 Stonnen ze accordéieren, fir een Dossier eran ze ginn.”
Deen dann och zeréck behale gouf. Den CAE Gréiwemaacher schreift am Bréif un de Comité Directeur vun der FLA, dass Transparenz um Niveau vun der FLA an deem heiten Dossier net ganz héisch wier. Och dee Reproche wëll d’Stéphanie Empain esou net am Raum stoe loossen.
“Dass dës Ausso grad elo getraff gëtt, zu engem Zäitpunkt wou ganz konkret op transparent Prozedure gesat gëtt an eng Ausschreiwung gemaach gëtt, fannen ech speziell. Mir hunn hei kengem eppes wollten ënnert der Hand zouschousteren an hunn ee kloren Dossier mat klore Critèren ausgeschriwwen. Eise Comité huet eng Decisioun op Basis vum Dossier de Candidature geholl, dat nodeems mir mat all Kandidat eng Presentatiounsronn iwwer Videokonferenz organiséiert hunn. Also ech mengen méi transparent wéi dat geet et jo awer net.”
Nieft der ASBL Urbain Trail Luxembourg, haten nach zwee Kandidaten eng Kandidatur eraginn, fir d’Route du Vin déi nächste 3 Joer ze organiséieren.
Ausserdeem schreift den CAEG, dass de Benevolat mat Féiss getrëppelt géif ginn. Op dës Reprochen, huet elo d´Presidentin vun der FLA, Stéphanie Empain, reagéiert: “Am Endeffekt hu mir alleguerten dat selwecht d’Zil: Dass d´Route du Vin nees zu deem ka ginn, wat se verdéngt huet, nämlech eng Traditiounsräich Course, déi fir vill Leit ee wichtegen, wann net dee wichtegste Rendezvous am Laf-Kalenner soll sinn. Dat ze garantéieren ass aus vill Grënn net esou einfach. Mee ee vun deene Grënn ass eebe justement dee vum Benevolat. Mir si fir esou Events op Fräiwëlleger ugewisen, mä fir esou een Evenement ze organiséieren do stéisst de Benevolat ganz kloer u seng Grenzen. Dat heescht net, dass den zukünftege Prestataire net mat Veräiner a Benevollen zesumme schafft. Au contraire! Och do kenne schéi Synergië gesicht ginn, fir dass d´Veräiner eppes dovunner hunn.”