
Am Match, fir ënnert déi 32 Bescht ze kommen, huet de Lëtzebuerger Deegen-Spezialist sech um Enn ganz knapp 12:13 géint en Tireur aus dem Aserbaidjan misse geschloe ginn. RTL géigeniwwer huet den Giannotte gemengt, datt hien dee Match hätt misse wannen. De Sportsproff vu Beruff hätt awer och gesinn, datt nach ganz vill Potenzial do wär an dat wär eng grouss Motivatioun fir d‘Zukunft.