En Donneschdeg huet d’FLF-Ekipp sech op de Wee gemaach an sech déi lescht Deeg op der Platz sou gutt wéi méiglech preparéiert. An dat war net ouni Problemer. D’Covid-19-Tester hu fir Opreegung gesuergt a bis alles gekläert war, waren no véier Stonne Fluch och der nach zwou um Flughafe vergaangen. Dono huet de Wee dann awer an den Hotel gefouert.
Den Hotel deelt een sech mat de spéidere Géigner Däitschland an Italien. Um éischte Spilldag e Méindeg ass et awer fir d’éischt den Organisateur Israel. E Géigner, dee sechs vu senge leschten aacht Testmatcher gewonnen huet.
Mat Däitschland an Italien trëfft een op Natiounen, déi een natierlech scho besser kennt. Duerch gutt Resultater an der Qualifikatioun dierft sech d’FLF-Ekipp awer och bei um Pabeier méi staarke Géigner Respekt verschaf hunn.
Et dierf ee gespaant sinn, wéi d’Lëtzebuerger sech iwwer déi nächst Deeg aus der Affär zéien. Et ass een sech bewosst, datt gutt Leeschtungen och eng Visittekaart no bausse sinn.
Lass geet et e Méindeg ëm 19 Auer, en Donneschdeg ass de Géigner dann Däitschland an en nächste Sonndeg dann Italien. Op RTL Zwee a bei eis um RTL.lu gesitt Dir all d’Matcher vun der FLF-Ekipp Live.