Paul PhilippFLF-Nowuess huet Stiermer- a Verdeedegerproblem

Franky Hippert
Am Jugendberäich am Sport sinn d'Resultater zweetrangeg, d'Formatioun steet do ganz kloer am Virdergrond.
© Val Wagner

De President vun der Lëtzebuerger Futtballfederatioun Paul Philipp geet esouguer esou wäit a seet, datt him d’Resultater an deene Kategorië Wurscht sinn. Bei den U17, U19 fänkt et awer un, anescht ze ginn. A kloer ass, datt ee bei den U21 schonn d’Erwaardunge wéi am Seniorsberäich kann hunn.

FLF-Nowuess/Reportage Franky Hippert

An do klëmmt et am Moment e bësse bei der Lëtzebuerger U21-Futtballnationalekipp. An der aktueller Europameeschterschaftsqualifikatioun hunn déi jonk Rout Léiwen no 5 Spilldeeg 0 Punkten an 0 Goler geschoss a 16 geschoss kritt an dat an engem Grupp mat ënnert anerem Armenien an Island.

Vill Spiller sinn an der A-Ekipp an de Reservoir ass net esou grouss., esou den FLF-President Paul Philipp.

Den U21-Nationaltrainer Manu Cardoni hat och gesot, datt hien an de leschte Matcher, zum Beispill beim 0:2 an Armenien a beim 0:2 géint Schweden quasi mat enger U19-Defense huet misse spillen. D’Fro, déi sech awer stellt, ass, ob d’FLF-Jugend-Kaderen dann einfach net breet genuch opgestallt sinn.

D’Pyramid ass scho breet, et gëtt elo fir all Joer e Kader. Mä et muss gekuckt ginn, wat besser muss gemaach ginn.

En anere Phänomen ass, datt verschidde Spiller-Typpen einfach net vun ënnen eropkommen. Lo, wou dem Stiermer Aurelien Joachim seng Karriär an der A-Nationalekipp no ronn 15 Joer op en Enn geet, ass op där Positioun keen Nowuess do.

Et ass kee Stiermer fir vir dran do, et sinn awer och keng Verdeedeger do, déi kënne verdeedegen.”, esou den FLF-President.

Den FLF-President Paul Philipp huet jiddwerfalls ugekënnegt, datt et an nächster Zukunft eng Reunioun mat deene Responsabele vun der Futtballschoul an mam A-Nationaltrainer Luc Holtz soll ginn, fir ze kucken, wat an Zukunft am Centre de Formatioun onbedéngt muss besser ginn.

Back to Top
CIM LOGO