Kee Futtball méi dëst JoerFLF plangt Reprise vum Training de 15. Dezember a Kompetitiounen den 10. Januar

Franky Hippert
Futtball gouf nach bis e Sonndeg an der ieweschter Divisioun hei am Land gespillt.

Wann elo en Donneschdeg dat neit Covid-Gesetz a Kraaft trëtt, ass dat awer op d’mannst bis de 15. Dezember och net méiglech. Bei der FLF war een awer drop virbereet.

D’Lëtzebuerger Futtballfederatioun huet matgedeelt, datt dëst Kalenner-Joer keng Kompetitioune méi sinn. D’Saison soll dann de Weekend vum 10. Januar fir all d’Divisiounen bei de Senioren nees weidergoen. D’Jugendkategorië géifen de Weekend vum 17. Januar nees ufänken.

An Tëschenzäit kann dobaussen awer nach ëmmer a Gruppe vu 4 trainéiert ginn. D’FLF réit, fir maximal 6 Gruppen op engem Terrain trainéieren ze loossen.

Wann dann nei Covid-Mesurë kéimen, geet ee bei der Futtballfederatioun dovun aus, datt een nees vum 15. Dezember u mam ganze Grupp trainéiere kann. Bei den Transferte kënne Spiller, déi am Wanter wiesselen, nach bis den 31. Januar fir hiren ale Club spillen.

PDF: Schreiwes vun der FLF

Back to Top
CIM LOGO