
Am Futtball ass dat souwuel national wéi och international net anescht. Bei der leschter Videokonferenz tëscht der UEFA, der europäescher Futtball-Unioun, an hire 55 Memberverbänn, dorënner och d’FLF, gouf et ee kloren Message.
An dee war, Gedold hunn a keng liichtfankeg Decisioun huelen, dozou de President vun der Lëtzebuerger Fussballfederatioun Paul Philipp:
Et ass elo net esou, wéi verschiddener mengen; komm mir soen de Championnat gemittlech of, am Café du Commerce, an da fänke mer de 5. August nees un, dat geet sécher net. D’Uefa versicht elo, Direktiven auszeschaffen. Fir eis ass wichteg, wat muss mam Championnat 19-20 geschéien, datt eis 4 Veräiner kënnen an der Coupe d’Europe ugemellt ginn. Et muss ee lo Rou behalen. Elo ass och d’Solidaritéit vun de BGL-Ligue-Veräiner gefrot
D’LFL, d’Lëtzebuerger Futtball Ligue, hat jo e Sondage bei de BGL-Ligues Veräiner gemaach. Do waren 60 Prozent vun deene 14 Veräiner dofir, fir d’Saison komplett ze stoppen. Dee Sondage huet awer just e consultative Charakter, seet d’Paul Philipp:
Et gesäit een, wéi gespléckt dat Ganzt ass, 8-6, et ass ee Veräin, wann ee méi erop, dann ass et 7-7 . Et kuckt och jiddwereen, wou sinn ech grad klasséiert, datt ass normal, dat ass mënschlech. Et ass un eis de néidege Recul ze hunn. Dat ganzt betrëfft de ganze Championnat, dat betrëfft 105 Veräiner aus 5 Divisiounen. Mir wäerten deem ganze Championnat Rechnung droen.
Wéini een hei zu Lëtzebuerg nees kéint trainéieren, esou wéi zum Beispill an Däitschland a klenge Gruppen an ënner strenge Reegelen, ass nach net gewosst. D’UEFA huet hir nächst Videokonferenz och vum 15. op den 22. Abrëll verluecht.
Fir de Paul Philipp ass dat ganz kloer, fir datt ee méi Zäit huet fir ze kucken, wéi d’Situatioun bis dohin evoluéiert. Den FLF-President kéint sech virstellen, datt d’UEFA vläicht fir dës Saison bei verschiddene Reglementer, fir déi grouss Verbänn, déi jo wéinst den Televisiounsgelder d’Saison onbedéngt wëlle fäerdeg spillen, an de klengen a mëttlere Verbänn kéint en Ënnerscheed maachen.
