WM-QualifikatiounFLF-Selektioun géint Aserbaidjan an Irland ouni Gerson a Schon

RTL Lëtzebuerg
Den Defenseur vu Brann Bergen feelt wéinst enger Blessur an de Golkipp vu FC Wolz ass net dobäi, well hien an där Zäit Papp wäert ginn.
© Rich Simon

En Donneschdeg huet de Futtball-Nationaltrainer Luc Holtz den 23 Mann staarke Kader fir déi zwee WM-Qualifikatiounsmatcher auswäerts géint Aserbaidjan an am Stade de Luxembourg géint Irland bekannt ginn. Genee wéi bei de Matcher géint Portugal a Serbien ass nees de Lars Gerson net dobäi. Hien huet sech op en Neits nees blesséiert. Fir de Luc Holtz war dat keng gutt Nouvelle.

Wann s de an engem gewëssenen Alter eng Blessur hues an du kënns zeréck, da kënnt et gären zu enger Rechute. Virun allem fir de Lars ass et frustrant. Hien hat déi leschte Méint vill Problemer. No der éischter Verletzung, wou hien huet mussen operéiert ginn, wou hie sech um Training blesséiert hat, war d’Planifikatioun eng aner. Wat elo nees geschitt ass, ass fir hien an och fir eis net gutt. Ech hat geplangt, hien nees matzehuelen. Dat eenzegt, wat elo zielt, ass no vir ze kucken.

Fir déi zwee Matcher huet de Ralph Schon Forfait erkläert. De Goalkeeper gëtt an där Zäit eng éischte Kéier Papp. Dofir kënnt den Timothy Martin vu Virton zu senger éischter Selektioun.

Nieft den 23 Leit, déi elo nominéiert goufen, huet de Luc Holtz awer och nach 4 Leit an der Reserv, déi eventuell kéinten asprangen, wann deen een oder aneren, deen am Kader ass, géif ausfalen.


Déi zwee lescht Matcher géint Serbien a Portugal waren och ee Sujet
. Virun allem awer de Video Assistant Referee. De sougenannte VAR. Vun deem, respektiv de Leit, déi op de Schierm kucken, ass den Nationaltrainer enttäuscht. Fir de Luc Holtz bréngt déi ganz Video-Iwwerwaachung dem Futtball näischt.

Mir päifen Eelefmeter, mir päifen Abseits, wou mir eng Linn dohinner zéien. D’Leit am Stadion sëtzen 2 Minutten do, d’Spiller, Trainer sëtzen do ze waarden. De VAR ass just nach eng Katastroph! Um Enn bleift et awer ëmmer eng Diskussioun. Ech reege mech driwwer op, datt et een Eelefmeter gëschter ginn ass. Deen ee seet dann; Et war awer ee Kontakt do. Wat ass ee Kontakt? Mir sinn am Gaang, mat esou Decisiounen an Diskussiounen de Futtball futti ze maachen.

De Luc Holtz huet och nach gesot, datt déi ganz Emotiounen, déi de Futtball esou speziell maachen, duerch de VAR verluer ginn.

Et freet ee sech, wann een e Gol schéisst. Et muss een dann awer 3 Minutte waarden, ob dee validéiert gëtt oder net. Fir mech ass et just nach groussen Theater. Mir sollen ophalen domadder. Wann den Arbitter sech geiert huet, dann ass dat eeben esou. Et sinn esouvill falsch Decisiounen dobäi. Dat ass dat Gefill, wat ech dozou hunn. Et gëtt ëmmer méi lächerlech a mir diskutéiere méi iwwer de VAR wéi iwwer de Futtball.

A leschter Zäit fir d’Nationalekipp méi dacks duerch de VAR benodeelegt ginn, huet de Luc Holtz nach gesot.

Back to Top
CIM LOGO