BGL LigueFola a Rouspert trenne sech mat 1:1

RTL Lëtzebuerg
Schonn um Freideg den Owend konnt de Racing um Optakt vum 22. Spilldag mat 1:0 géint Péiteng gewannen.
© Kevin Estebanez

Fola - Rouspert 1:1

D’Fola war direkt gutt am Match an hat sech no 6 Minutten schonn 2 gutt Chancen duerch de Muharemovic a Bensi erausgespillt. Zemols dem Bensi seng war eng 100% mee no enger exzellenter Pass vum Sinani huet dësen de Ball eleng virum Buerger nieft de Gol gesat.

No 10 Minutten hate sech dann och mol déi Rousperter am Match gemellt an dat duerch e Schoss vum Weirich. Et huet sech awer näischt dru geännert dat d’Fola weider dominant bliwwen ass. An der 23. Minutt huet de Seydi dann och den 1:0 geschoss, dat awer duerch Mathëllef vun de Rousperter. E Rousperter wollt eng Pass zeréck op de Buerger spillen, de Seydi koum awer doteschent an huet de Ball an de Gol gedréckt. Dës Féierung war och heichverdengt mee allerdéngs ze niddreg an der Paus.

A wann een se vir net mécht da kritt een se hanne geschoss. Dëst ass io e ganz bekannt Spréchwuert a sollt sech och an dësem Match beweisen. An der 52. Minutt ass et de Biedermann dee ganz iwwerraschend ausgläiche konnt. Den Dallevedove huet e Fräistouss ganz schnell ausgefouert, déi Escher hu nach geschlof an de Biedermann huet de Ball iwwert den Hym an de Gol geschoss. Den Escher Golkipp huet dobäi net gutt ausgesinn.

Dono huet sech de Match dann och e bësse gedréint a Rouspert war wesentlech besser am Match a bei der Fola ass net méi vill zesummegaangen. Se hate keng Iddie méi an offensiv war net méi vill ze gesinn.

Racing - Péiteng 1:0

De Racing konnt sech um Enn mat 1:0 zu Péiteng behaapten a sech esou wichteg Punkten an der Course ëm d’europäescht Geschäft sécheren.

Déi Péitenger hunn e Freideg den Owend versicht, de Match direkt am Ufank an d’Hand ze huelen. Si konnten de Racing dann och hannen dran drécken, ma aus hire Chancen hu se kee Kapital geschloen. Kuerz virun der Paus sinn dunn d’Gäscht a Féierung gaangen. No engem Corner hat den Diouf de Ball nach degagéiert, ma dat ronnt Lieder ass dem Da Mota virun d’Féiss gefall. De Spiller vum Racinh guet net laang gezéckt an direkt ofgezunn an de Ball aus 20 Meter an de Gol gesat. Keng Chance fir den Amodio am Péitenger Gol.

No der Paus war et de Racing deen de Match kontrolléiert huet. Déi Stater stounge weider kompakt an der Defense an hunn et ëmmer nees mat engem séieren Ëmschalt-Spill probéiert. An der 73. Minutt hat de Szimayer d’Chance, fir d’Gäscht op 2:0 ze erhéijen. No enger Flank vum Da Mota war de Szimayer am Strofraum mam Kapp un de Ball komm, ma den Amodio am Péitenger Gol konnt dat ronnt Lieder nach esou just degagéieren. Domadder ass et beim 1:0 vum Racing bliwwen.

An de leschte 15 Minutten hunn déi Péitenger nach emol alles probéiert, fir awer nach de Gol ze fannen, ma dat sollt hinnen net méi geléngen.De Racing wënnt domadder um Enn mat 1:0.

Duerch dës Victoire steet de Racing an der provisorescher Tabell elo op der 4. Plaz, dat punktgläich mat Déifferdeng.

Back to Top
CIM LOGO