
E Sonndeg war et am Lëtzebuerger Futtball d’Suite vum 23. Spilldag an der BGL Ligue. Hei koum et zum Spëtzematch tëscht dem Leader Fola an dem Swift Hesper. Um Enn gouf et no intensiven 90 Minutten een 2:2-Remis tëscht béiden Ekippen.
Den F91 Diddeleng konnt net vum Remis tëscht der Fola an Hesper profitéieren. Géint Hueschtert ass een net iwwert een 1:1 erauskomm.
D’Fola, déi zanter September ongeschloen ass, bleift domadder an der Tabell mat 53 Punkten un der Spëtzt. Op de Plazen zwee an dräi weiderhin Hesper an Diddeleng. Si hunn 49 Punkten.
Eng ganz wichteg Victoire gouf et fir de Racing géint den FCD03. Nom 3:0 ass een nämlech elo op der véierter Plaz an der Tabell, dat punktgläich mat der Jeunesse. Déifferdeng steet just nach op der 7 an huet fënnef Punkte Retard op déi lescht international Plaz.
Donieft gouf et e Sonndeg een 1:1-Remis tëscht Stroossen a Rodange. De Progrès huet sech a leschter Sekonn mat 3:2 géint Rouspert behaapt a Péiteng war Munneref 0:1 ënnerleeën.
E Samschdeg hat Wolz mat 1:0 géint d’Jeunesse gewonnen.
De Liveticker an de Livestream vun de Matcher fir nozeliesen respektiv nozekucken.
Fola - Swift Hesper 2:2
0:1 Abdallah (44'), 1:1 Pimentel (48'), 2:1 Diallo (2:1), 2:2 Stolz (87')
Am Spëtzematch hu sech e Sonndeg d’Fola an Hesper mat engem 2:2-Remis getrennt. Domadder bleift et weider spannend am Championnat. Op béide Säite gouf et an den éischte 45 Minutten 3-4 uerdentlech Golchancen. An enger animéiert Schlussphas war et dunn de Swift, deen duerch den Abdallah mat 1:0 a Féierung gaangen aass.
No der Paus ass d’Fola mat Cent à l’heure aus der Kabinn komm. Bannent 2 Minutten huet een de Match gedréint. An der 48. Minutt huet de Pimentel den 1:1 markéiert an nëmmen 2 Minutten drop huet den Diallo seng Ekipp a Féierung bruecht. Hesper huet duerno versicht, fir nach eng Kéier zeréckzekommen an dat sollt dem Swift och geléngen. De Stolz huet an der 87. Minutt aus kuerzer Distanz op 2:2 ausgeglach. An der Nospillzäit hat de Stolz de Matchball um Fouss, ma konnt de Ball net verwandelen. Domadder gouf et een 2:2 tëscht béiden Ekippen.
Progrès Nidderkuer - Victoria Rouspert 3:2
1:0 Habbas (17'), 2:0 Tekiela (45+1'), 2:1 Bartsch (70'), 2:2 Heinz (85'), 3:2 Habbas (90+4')
Union Titus Péiteng - US Munneref 0:1
0:1 Eren (30')
F91 Diddeleng - US Hueschtert 1:1
0:1 Trani (59'), 1:1 Bettaieb (63')
De F91 Diddeleng konnt net vum Remis tëscht der Fola an Hesper profitéieren. Géint Hueschtert ass den F91 net iwwert een 1:1-Remis erauskomm. D’Gäscht waren an der 59. Minutt duerch e Fräistouss vum Trani mat 1:0 a Féierung gaangen. Dës sollt awer net vu laanger Dauer sinn, well den agewiesselte Bettaieb konnt op 1:1 ausgläichen. D’Lokalekipp hat duerno d’Gléck net op senger Säit. Direkt véier Mol huet nämlech den Aluminium e weidere Gol verhënnert. An de leschte Minutte war et nach eng relativ hëtzeg Partie, wou den F91 gären een Eelefmeter kritt hätt, ma um Enn ass kenger Ekipp méi den decisive Gol gelongen.
Una Stroossen - FC Rodange 1:1
1:0 Lourenco (38'), 1:1 Diallo (75')
Racing - FC Déifferdeng 03 3:0
1:0 Ikene (22'), 2:0 Bouché (38'), 3:0 Ikene (50')
