
E Samschdeg war an der BGL Ligue den Optakt vum 19. Spilldag. Am éischte Match vum Dag ass et fir Rouspert eng 3:1-Victoire zu Rouspert ginn. Méi spéit konnt sech dann nach d’Fola duerch zwee Goler vum Sinani géint Hamm behaapten.
Hamm Benfica - Fola Esch 0:2
0:1 Sinani (71'), 0:2 Sinani (90+1')
An der Ufanksphas hu béid Ekippen de Ball lafe gelooss, vill Occasiounen op en éischte Gol sinn et dofir net ginn. De Match huet sech virun allem duerch Zweekämpf am Mëttelfeld ausgezeechent. Mat der Zäit huet d’Fola dann ëmmer méi d’Initiativ iwwerholl, ma virum Gol huet et dacks un der Kreativitéit gefeelt. Ouni Goler ass sou déi éischt Hallschent op en Enn gaangen.
Am zweeten Duerchgang huet sech um Bild vum Match net vill geännert. D’Gäscht vun Esch haten de Ball, ma Hamm stoung hanne gutt an huet net vill zougelooss. Ronn 20 Minutte viru Schluss krut d’Fola dann awer d’Hammer Defense geschloen a sou war et de Sinani, deen aus kuerzer Distanz op 1:0 stelle konnt. D’Lokalekipp war elo natierlech méi gefuerdert, krut sech awer nëmme schwéier aus der eegener Hallschent befräit. Zum Schluss huet Hamm nach eng kéier alles no vir gehäit, wat dann awer zu engem weidere Géigegol an der Nospillzäit gefouert huet. Nees war et de Sinani, deen dës kéier fräi virum Golkipp d’Nerve behalen an op 2:0 stelle konnt. Domat war de Match entscheet a sou fiert d’Fola um Enn mat enger verdéngter Victoire zréck op Esch.
Stroossen - Rouspert 1:3
0:1 Feltes (17'), 0:2 Leroux (39'), 0:3 Rossler (45'), 1:3 Runser (57')
Déi éischt véierel Stonn vum Match huet sech virun allem am Mëttelfeld ofgespillt. Vill Zweekämpf ëm de Ball hunn d’Partie zu Stroossen bestëmmt. An der 17. Minutt stoung et dann awer 1:0 fir Rouspert, nodeems de Feltes et aus der Distanz probéiert huet an de Golkipp, deen ze wäit viru sengem Gol stoung, net méi un de Ball komm ass. E puer Minutte virun der Paus hunn d’Gäscht dann nach eng kéier opgedréint. Nodeems de Leroux an der 39. Minutt op 2:0 stelle konnt war et dann nach an der 45. Minutt de Rossler, dee Rouspert mat enger 3:0-Féierung an d’Paus schécke konnt.
Déi zweet Hallschent war et dann awer d’Ekipp vu Stroossen déi besser aus de Vestiairë komm ass. De verdéngte Gol fir dës Beméiungen sollt dann och an der 57. Minutt falen. De Runser konnt virum Rousperter Golkipp d’Nerve behalen a sou op 1:3 verkierzen. Vun de Gäscht ass elo net méi vill komm a Stroossen huet weider op den nächste Gol gedréckt. Allerdéngs huet et am leschten Drëttel un der néideger Konsequenz gefeelt a sou huet sech um Spillstand bis zum Schluss näischt méi geännert. Um Enn setzt sech Rouspert no enger staarker éischter Hallschent mat 3:1 zu Stroossen duerch.

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.
