BGL LigueFola dréint Match zu Péiteng a séchert sech 3 Punkten

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg den Owend stoung nach déi lescht Partie vum 6. Spilldag vun der BGL Ligue um Programm, dat mat der Affiche Péiteng géint Fola.
© Carlos Andrade

De Liveticker vun all de Matcher fir nozeliesen.

RTL-News: Wolz léisst Nidderkuer keng Chance

De Resumé vum Match

Fola dréint Match zu Péiteng a séchert sech 3 Punkten
E Méindeg den Owend stoung nach déi lescht Partie vum 6. Spilldag vun der BGL Ligue um Programm, dat mat der Affiche Péiteng géint Fola.

No nëmmen 3 Minutte konnt d‘Lokalekipp vu Péiteng schonns a Féierung goen. No engem Fräistouss koum de Sefil zum Schoss, dëse konnt den Hym staark paréieren, ma beim Noschoss vum Maah war den Escher Golkipp chancëlos.

Nom 1:0 war et dunn eng animéiert Partie mat Chancen op béide Säiten. Iwwerdeems Péiteng gréisstendeels op Konterattacke gelauert huet, hunn déi Escher et méi mat Ballbesëtz probéiert.

Béides huet seng Friichte gedroen, well béid Formatiounen haten nach déi eng oder aner Chance, fir e Gol ze markéieren, woubäi d‘Fola déi liicht besser Chancen hat. Eng Kéier huet esouguer just de Potto den Ausgläich verhënnert. Deemno goung et mat der knapper Féierung fir d‘Fola an d‘Paus.

An der zweeter Hallschent war dunn net méi vill vun den Haushären ze gesinn. D‘Fola huet den Toun uginn, ma richteg iwwerzeegend war och dat net.

Allerdéngs hätte si den Ausgläich bal misse schéissen. No enger herrlecher Pass vum Pimentel koum de Bensi eleng virum Gol un de Ball an hie war och schonns laanscht de Golkipp, ma säi Schoss aus spatzem Wénkel goung nieft de Gol.

An der 72. Minutt dunn eng weider déck Chance. Den Delgado koum fräi zum Kappball, ma den Escher huet de Ball aus kuerzer Distanz driwwer gekäppt.

An der 76. Minutt dunn awer de verdéngten Ausgläich fir d‘Fola. Den Hadji gouf am géigneresche Strofraum gefoult an et gouf Eelefmeter. Den Hadji ass selwer ugetrueden an huet de Golkipp an de galschen Eck geschéckt.

2 Minutte méi spéit dunn esouguer bal d‘Féierung. No enger Flank vum Bensi huet den Delgado de Ball just op d‘Lat gekäppt.

An der 88. Minutt sollt dunn nach emol e Gol fir Esch falen. Den Drif konnt mat engem herrleche Schoss an de laangen Eck fir d‘2:1-Schlussresultat suergen.

D’Tabell vun der BGL Ligue

Back to Top
CIM LOGO