BGL Ligue - Virschau (7)Fola Esch géint Jeunesse Esch

RTL Lëtzebuerg
Dëse Weekend ass den Optakt vun der BGL Ligue an dofir presentéiere mir Iech am Laf vun der Woch d'Matcher vum 1. Spilldag.

De 14. Mäerz hätt sollen den Derby Fola géint Jeunesse gespillt ginn, mä d’Championnat gouf wéinst der sanitärer Kris gestoppt. Elo iwwer 160 Deeg dono an an enger neier Saison gëtt et dann e weideren Escher Derby, dëst e Samschdeg um 20 Auer. Zejoert hat de Rekordchampion Jeunesse enttäuscht, d’Fola gouf Éischten. Sinn elo déi Escher Veräiner méi no beienee geréckelt?

BGL Ligue - Virschau: Fola géint Jeunesse

D’Fola huet jiddefalls quasi säi ganze Kader gehalen. Allerdéngs hunn déi vum Gaalgebierg hire beschte Buteur Moussa Seydi verluer, mä awer dierft d’Doyenne vun eisem Fussball zu de ganz héich kotéierten Ekippe gehéieren.

Béid Escher Clibb hunn nei Trainer. Bei der Fola ass et de fréiere Jeunesse-Trainer Sébastien Grandjean, bei der Jeunesse de jonke Markus Weiss.

D’Fola hat eng komplizéiert Preparatioun, well et positiv Fäll am Kader goufen, esou de Sébastien Grandjean.

Den Derby ass natierlech zu Esch en Highlight an dat eben och ganz besonnesch fir de Sébastien Grandjean.

D’Jeunesse hat déi lescht Saison op der ganz enttäuschender 8. Plaz ofgeschloss. Villes ass zanterhier am Veräin geschitt. No 16 Joer ass de Jean Cazzaro net méi President, mä de Griich Manthos Poulinakis ass den 1. Dirigent. Op der Bänk sëtzt den 33 Joer jonken däitschen Trainer Markus Weiss an dee fënnt, datt ee scho Changementer spiert. Deemno géing ee probéieren, méi a Richtung Professionalitéit ze goen.

Am Kader vun de Schwaarz-Wäisse sinn 10 Spiller 20 Joer jonk oder manner an et gouf sech net wierklech spektakulär verstäerkt, also sinn d’Ambitiounen de Moment éischter flou. Déi lescht Deeg allerdéngs goufen 2 a priori staark Spiller aus Direktioun Griicheland engagéiert. Guer net flou sinn d’Ambitioune fir den 1. Match géint d’Fola. Do wëll een onbedéngt gewannen.

Am Kontext Escher Derby ass et natierlech ganz wichteg, ze kucken, wéi et mat der Ambiance wäert sinn.

Den Iwwerbléck

BGL Ligue - Virschau (1): Munneref géint HueschtertBGL Ligue - Virschau (2): FC Wolz 71 géint Etzella EttelbréckBGL Ligue - Virschau (3): Victoria Rouspert géint RodangeBGL Ligue - Virschau (4): RM Hamm Benfica géint F91 DiddelengBGL Ligue - Virschau (5): Union Titus Péiteng géint Una StroossenBGL Ligue - Virschau (6): Swift Hesper géint FC Déifferdeng 03

Back to Top
CIM LOGO