BGL LigueFola klappt Ettelbréck an ass neie Leader

RTL Lëtzebuerg
Racing klappt de Progrès Nidderkuer duerch zwee Goler vum Mabella mat 2:1, Péiteng kënnt géint Rouspert net iwwer een 2:2 eraus.
© Jeff Birsens

Um Samschdeg stoung an der héchster Lëtzebuerger Spillklass den Ufank vum 15. Spilldag um Programm.

Etzella Ettelbréck - Fola 0:1

0:1 Hadji (78')

Am Däich hat d’Etzella mat der Escher Fola eng Ekipp op Besuch, déi mat enger Victoire hir europäesch Ambitiounen ënnermauere wollt.
Déi éischt gutt Chance war allerdéngs fir d’Haushären, ma de Scras konnt dem N’Cho säi Versuch nach vun der Linn krazen.
Duerno hat d’Fola ee liichte Plus u geféierlechen Aktiounen, woubäi de Corral déi beschte Chance an der 36. Minutt net verwäerte konnt.

Nom Téi war d’Etzella besser aus de Kabinne koum, ma dem N’Cho säi Schoss an der 47. Minutt goung um Enn iwwert de Gol. Duerno gouf d’Fola dach méi staark, ma an der 74. Minutt war ee Schoss vum Bensi nach net vun Erfolleg gekréint.

4 Minutte méi spéit konnt den Hadji et awer besser maachen. No engem Corner steet de Stiermer vun der Fola ze fräi an huet aus kuerzer Distanz keng Problemer méi. Soumat klappt d’Fola um Enn d’Ettelbrécker Etzella, déi duerch dës Néierlag weider ëm de Maintien kämpfe mussen. D’Fola dogéint ka sech freeën, duerch de Remis vu Péiteng steet een elo un der Spëtzt vun der Tabell.

© Yannick Zuidberg

Progrès Nidderkuer - Racing 1:2

1:0 Francoise (13'), 1:1 Mabella (40'), 1:2 Mabella (87')

Bei schwierege Wiederkonditioune wollt sech d’Lokalekipp mat dräi Punkten un d’Spëtzt vun der Tabell setzen. Déi éischt Minutte stoungen allerdéngs ënnert kengem gudde Stär. Duerch de staarke Wand gouf d’Partie no nëmme 9 Minutte kuerz ënnerbrach, den Här Torres als Offiziellen huet no ronn 10 Minutten awer decidéiert, de Match erëm unzepäifen.

Duerno war et d’Lokalekipp, déi mat der éischter Geleeënheet markéiere konnt. No engem Fräistouss vum Muratovic war et de Francoise, dee sech mam Kapp behaapte konnt. De Racing huet sech allerdéngs net geschockt gewisen. Nodeems de Mabella an der 14. Minutt nach knapp verfeelt hat, konnt hien et an der 40. Minutt awer besser maachen. No enger Pass an de Laf hat de Stiermer vum Racing d’Nerve behal a sou goung et mat engem verdéngte Remis an d’Kabinnen.

Nom Säitewiessel huet et bis zur 65. Minutt gedauert, éier et richteg geféierlech gouf. Op en Neits war et de Francoise, deen no engem Fräistouss mam Kapp un de Ball koum, säi Versuch goung allerdéngs just op d’Lat.

An enger schwaacher zweeter Hallschent ouni vill Chancen war et de Mabella, deen de Match mat sengem Gol an der 87. Minutt entscheede konnt an dem Racing soumat 3 Punkte geséchert huet.

© Jeff Birsens

Stroossen - Munneref 1:0

1:0 Lahyani (21')

Zu Stroossen, wou d’Lokalekipp op Munneref getraff ass, war et d’UNA, déi bei engem schwéier bespillbaren Terrain d’Féierung markéiere konnt. An der 21. Minutt hat de Lahyani sech aus ronn 16 Meter een Häerz geholl a konnt de Ball präzis am lénken Eck ënnerbréngen.

Nom verdéngten Avantage vun der Lokalformatioun war Munneref beméit, ma si konnten hir Geleeënheeten net notzen.

An der zweeter Hallschent hu sech béid Formatiounen iwwert wäit Strecken neutraliséiert, esou dass déi 188 Supporter keng honnertprozenteg Chance méi zu Gesiicht kruten. Stroosse kann déi dräi Punkte soumat doheem halen, Munneref steet weider ënnen dran.

© Eugène Thommes

Titus Péiteng - Rouspert 2:2

1:0 Gashi (21'), 1:1 Weirich (31'), 1:2 Spruds (47'), 2:2 Abreu (68'),

Zu Péiteng waren et kuriéis éischt Minutten. Nodeems de Match regulär ugepaff gouf, hat den Här Rodrigues kuerz duerno de Match erëm ënnerbrach, dëst op Grond vu stiermesche Bedéngungen. No 5 Minutte Paus ass et dunn awer erëm normal weidergelaf.

Sportlech war et d’Lokalekipp, déi an der 21. Minutt déi éischte Kéier markéiere konnt. No enger Virlag vum Nanizayamo war et de Gashi, deen d’Nerve behale konnt an dem Buerger soumat keng Chance ginn hat.
D’Gäscht vu Rouspert hunn de Kapp allerdéngs net hänke gelooss a sou koume si an der 31. Minutt zum Ausgläich. No enger Pass vum Soares Valente op de Weirich hat dësen de Ball äiskal an de Wénkel gesat.

Nodeems de Spruds kuerz no der Paus no engem Corner de Ball iwwert d’Linn käppe konnt, konnt de Favorit vu Péiteng allerdéngs zréckkommen. An der 68. Minutt war et de Kapitän, den Abreu, deen de Ball mam Kapp am Filet konnt ënnerbréngen a sou op 2:2 gestallt hat.
Kuerz virum Schluss gouf de Brandenbuerger op Säite vu Rouspert nach mat Giel-Rout vum Terrain gesat.

Um Score sollt sech awer näischt méi änneren a soumat trenne sech Péiteng a Rouspert mat 2:2.

© Michele Pugliese

Hueschtert - Déifferdeng 0:3

0:1 Leite Pereira (59'), 0:2 Vandenbroeck (62'), Lempereur (90'+1)

An enger ëmkämpfter éischter Hallschent ware béid Formatioune beméit, ee Spillfloss an de Match ze kréien. D’Spill huet sech gréisstendeels am Mëttelfeld ofgespillt an et goufe wéineg Geleeënheeten ze notéieren. Déi beschte Chance an den éischte 45 Minutte gouf et an der 40. Minutt fir Déifferdeng. Den Almeida hat et aus ronn 10 Meter probéiert, ma säi Versuch goung knapp laanscht de Potto.
Nom Säitewiessel konnt Déifferdeng hirer Favoritteroll awer gerecht ginn. An der 59. Minutt konnt de Leite Pereira den éischte Gol vun der Partie markéieren. Nëmmen dräi Minutte méi spéit war et de Vandenbroeck, dee mam Kapp erhéije konnt an d’Gäscht soumat mat 2:0 an Avantage bruecht hat.
Nodeems den Dervisevic an der 89. Minutt vum Terrain geflu war, war d’Entscheedung gefall.
Fir de Schlusspunkt konnt de Lempereur an der Nospillzäit suergen.

Back to Top
CIM LOGO